Den A1689-zD1 ass mat enger Routverrécklung vun z = ~7.6 eng vun deene Galaxien, déi am wäitste vun eis ewech läit.

De Galaxiëkoup Abell 1689 an déi nei entdeckte Galaxie - Fotoen am visuellen an am infraroude Beräich vum Hubble a Spitzer

Si gouf am Februar 2008 mam Hubble-Weltraumteleskop entdeckt.[1],[2]

Genesis änneren

Den A1689-zD1 entstoung nëmmen zirka 700 Millioune Joer nom Urknall am sougenannten donklen Zäitalter vum Kosmos. No leschten Theorien huet dat donkelt Zäitalter ongeféier 400.000 Joer nom Ufank vum Universum ugefaangen. Duerch d'Ausdeenung vum Weltraum huet dee sech ofgekillt an et hu sech Wolleken aus kalem Waasserstoff gebilt, déi sech wéi dichten Niwwel am Universum erstreckt hunn. Irgendwann hu sech déi éischt Stären a Galaxië gebilt, deenen hir Stralung d'Ëmgéigend opgewiermt huet an den "Niwwel" verdriwwen huet. Et gëtt haut ugeholl, datt dat "donkelt Zäitalter" ongeféier eng Milliard Joer nom Urknall gedauert huet.

Entdeckung änneren

D'Weltraumteleskop konnt déi distanzéiert Galaxie nëmme mat Hëllef vum schwaache Gravitatiounslënseneffet observéieren. Den Abell 1689, e Galaxiëkoup, deen zirka 2,2 Milliarde Liichtjoer vun eis ewech ass, béit duerch seng Schwéierkraaft d'Liicht vun den Himmelsobjeten déi wäit haaner him leien a vergréissert sou hir Biller wéi eng natierlech Lupp. Eréischt duerch déi Gravitatiounslëns konnt d'Ur-Galaxie vum Hubble-Teleskop erfaasst ginn. Den Infrarout-Weltraumteleskop Spitzer huet dernieft duerch d'straalend Liicht vum A1689-zD1 staark Zeeche fir vill nei Stären an der deemools jonker Galaxie geliwwert, déi nëmmen e Brochdeel vun der Mass eiser Mëllechstrooss huet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: A1689-zD1 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. spiegel online: Kuerz nom Urknall: Den "Hubble" fotograféiert ural Galaxie
  2. NASA: Bright galaxy in early universe - Hubble fënnt eng vun den eelste Galaxien