3. Arrondissement vu Paräis
Den 3. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Temple ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass zum gréissten Deel eng Wunngéigend am Nordoste vum Stadkär, déi sech haaptsächlech am 13. a 14. Joerhonnert ënner dem Charles V. entwéckelt huet. Déi eelst erhale Wunnhaiser stamen awer aus dem 16. Joerhonnert.
![]() | |
![]() | |
Quartieren |
Arts-et-Métiers, Enfants-Rouges, Archives, Sainte-Avoye |
---|---|
Buergermeeschter | Pierre Aidenbaum |
Awunner | 34.025 |
Fläch | 1,17 km² |
Postcode | 75003 |
INSEE-Code | 75103 |
Koordinaten | 48°51'50,50"N, 2°21'41,51"O |
![]() | |
E groussen Deel vum Arrondissement besteet aus dem sougenannte Marais.
Geographesch LagÄnneren
Den 3. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine, gëtt awer komplett vun aneren Arrondissementer ëmkreest. Am Norde grenzt en un den 10., am Osten un den 11., am Süden un de 4., an am Westen un den 1. an 2. Arrondissement.
Den Numm vum Arrondissement geet zréck op den Templeruerden, deem seng Bauwierker awer zerstéiert goufen.
QuartierenÄnneren
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 9. Quartier des Arts-et-Métiers
- 10. Quartier des Enfants-Rouges
- 11. Quartier des Archives
- 12. Quartier Sainte-Avoye
BillerÄnneren
KuckeswäertesÄnneren
Kleng Auswiel:
- Hôtel Salé (1656) mam Musée Picasso
- Conservatoire des arts et métiers mat engem Musée an der fréierer Abtei Saint-Martin-des-Champs
- Hôtel de Carnavalet (1548–1560), mam Musée de l'histoire de Paris
- Hôtel Donon (16. bis 18. Joerhonnert), mam Musée Cognacq-Jay (Konschtwierker aus dem 18. Joerhonnert)
- Hôtels der Place des Vosges (1605–1612) mam Victor Hugo sengem Wunnhaus (Musée)
- Hôtel de Sully (1624–1630), mam Centre des monuments nationaux
- Hôtel de Saint-Aignan (1644–1650), mam Musée d'art et d'histoire du judaïsme
- Hôtel Guénégaud (1648–1651?), mam Musée de la chasse et de la nature
- Hôtel Libéral Bruant (1685), mat enger Konschtgalerie
- Hôtel de Saint-Fargeau (1686), gehéiert zum Musée vun der Paräisser Stadgeschicht
- Hôtel de Soubise (1705–1709), mam Nationalarchiv a mam Musée de l'histoire de France
- Hôtel de Rohan-Strasbourg (1708)
- Hôtel d'Hallevyl (Uganks vum 18. Joerhonnert)
- Hôtel Duret de Chevry, mat dem Deutsche Historische Institut
Um SpaweckÄnneren
Commons: 3. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |