10. Arrondissement vu Paräis

Stadbezierk vu Paräis


Den 10. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Entrepôt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.

10. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Saint-Vincent-de-Paul,
Porte-Saint-Martin,
Porte-Saint-Denis,
Hôpital-Saint-Louis
Awunner 83.543
Fläch 2,89 km²
Postcode 75010
INSEE-Code 75110
Koordinaten 48°52'31,83"N, 2°21'28,27"O

Déi aktuell Grenze vum 10. Arrondissement bestinn zanter 1860, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf. Den haitegen Arrondissement besteet aus den nërdlechen Deeler vun de fréieren 3. a 5. Arrondissementer.

Fréier huet den 10. Arrondissement Arrondissement de l'Enclos Saint-Laurent geheescht, mat Bezuch op de fréiere Maart an der rue Saint-Laurent, do wou hautdesdaags d'Gare de l'Est steet. Obwuel d'Gare schonn 1849 opgoung, ass den Arrondissement eréischt 1977 ëmgenannt ginn. Den aktuellen Arrondissement huet säin Numm vum Douanes-Depot an der rue Léon-Jouhaux.

Geographesch Lag änneren

Den 10. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 9., am Westen un den 11., am Norden un den 18. an am Süden un den 3. Arrondissement.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 37. Quartier Saint-Vincent-de-Paul
  • 38. Quartier de la Porte Saint-Denis
  • 39. Quartier de la Porte Saint-Martin
  • 40. Quartier de l'Hôpital Saint-Louis

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

Um Spaweck änneren

Commons: 10. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren