2012 TC4
Den 2012 TC4 ass en äerdnoen Asteroid vum Apollo-Typ, deen de 4. Oktober 2012 vum Groussteleskop-System Pan-STARRS entdeckt gouf.[3],[4]
2012TC4 | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroiden |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,406 A.E. |
Perihel – Aphel | ? –? AE |
Exzentrizitéit | 0,3357 |
Inklinatioun | 0,8564 Grad |
Peridatum | 16. November 2017 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1,67 Joer |
Mëttel Bunnvitess | 24,4 km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 10–30 m[1] resp. 12–27 m[2] |
Mass | |
Albedo | ? |
Mëttel Dicht | |
Rotatiounsperiod | 12 min 14 sek |
Absolut Hellegkeet | 26,7 |
Spektralklass | - |
Entdeckung | |
Entdecker | Pan-STARRS |
Datum | 4. Oktober 2012 |
Plaz | |
Aner Bezeechnungen |
Den 2012 TC4 beweegt sech op enger Distanz vun 0,934 (Perihel) bis 1,878 (Aphel) astronomesch Eenheeten a 607 Deeg ëm d'Sonn. Seng Bunn steet nëmmen 0,9° schréi zur Ekliptik, an d'Exzentrizitéit ass mat 0,34 relativ grouss.
Déi éischt Klasséierung als potentiell geféierlechen Asteroid gouf am Laf vu weideren Observatiounen nees opgehuewen.
Iwwer den Asteroid selwer ass, vun de Bunn- a Rotatiouneegenschaften ofgesinn, wéineg bekannt.
Lëscht vun den Distanzen zu der Äerd an dem Äerdmound
ännerenDatum (UT) | Objet | Distanz a km (Mëttelpunkt-Mëttelpunkt) |
Onsécherheet a km |
Relativ- Vitess a km/s |
---|---|---|---|---|
13. Oktober 1996 | Äerd | 756.000 | ± 75300 | 6,444 |
13. Oktober 1996 | Äerdmound | 532.000 | ± 67900 | 7,143 |
3. Mäerz 1997 | Äerd | 46.926.000 | ± 58600 | 4,190 |
2. August 2009 | Äerd | 68.969.000 | ± 5960 | 7,039 |
12. Februar 2010 | Äerd | 40.183.000 | ± 16100 | 14,640 |
12. Oktober 2012 | Äerd | 94.965 | ± 4 | 7,123 |
12. Oktober 2012 | Äerdmound | 113.886 | ± 7 | 6,773 |
12. Oktober 2017 – 05:42 Gekuckt den 20. August 2017 |
Äerd | 50.142 | ± 373 | 7,647 |
12. Oktober 2017 – 05:42 berechent 11. Oktober 2017, 09:02 |
Äerd | 50.151 | ±? | 7,647 |
12. Oktober 2017 – 19:19 | Äerdmound | 277.700 | ± 801 | 6,101 |
29. Dezember 2019 | Äerd | 34.509.615 | ± 2.007.000 | 13,828 |
Laanschtfluch 2017
ännerenDen 12. Oktober 2017 ass den Asteroid géint 6 Auer UT laanscht d'Äerd geflunn. Seng Vitess war 7,647 km/s an d'Distanz zum Äerdmëttelpunkt war (50.141 ± 373) km (matgedeelt vum JPL). Seng Distanz zu der Äerduewerfläch war eppes méi wéi 44.000 km oder ronn 3,5 Äerdduerchmiesser. Doduerch krut den Asteroid eng gewësse medial Opmierksamkeet.
Eng am viraus berechent Bunn vum Himmelskierper huet de JPL den 11. Oktober 2017 korrigéiert op d'Distanz vun 0.000335242438051313 au wat rechneresch 50.151 km ausmécht.
Et ass unzehuelen, datt déi mat nëmme 4 resp. 7 km Onsécherheet ganz genee notéiert Distanzwäerter fir 2012 an der Tabell op Auswäertunge vu geneeë Miessunge vum Transit vun 2012 no deene Miessunge berouen.
Animatioun: 2012 TC4 (gréng) gëtt beim Laanschtfluch bei der Äerd (Dagsäit: blo) vun hir duerch Gravitatioun ofgebéit. Zur Illustratioun vun den Ofstänn ass an der Animatioun ausserdeem e geosynchrone Satellit (rosa) an den Äerdmound (gro) agezeechent. Déi gréng Linn vun der Asteroidebunn gëtt méi däischter am Beräich, an deem déi ënner (= südlech) d'Ekliptik andaucht. (D'Animatioun gouf den 11. September 2017 berechent.)
Well Ausmooss a Richtung vum Ofknécken och den 11. Oktober 2017 – dem Zäitpunkt vun der leschter Berechnung vum JPL – wéinst der Onsécherheet vun der Bunnvirausso nëmme mat schappeger Prezisioun virausgesot konnt ginn, erginn zukünfteg Miessunge vun Asteroidebunnplaze mat héijer Warscheinlechkeet däitlech aner Wäerter fir d'Virausso vun den nächste Rendezvousen..
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- TECA Table of asteroids next close approaches to the Earth — Sormano Astronomical Observatory
- Image and animation of 2012 TC4 - Virtual Telescope Project
- Asteroid 2012 TC4 On Track For Close Earth Flyby AstroBob 10/3/17
Referenzen
änneren- ↑ Asteroid 2012 TC4 to Safely Pass Earth This October. Bei: cneos.jpl.nasa.gov. 12. Juli 2017, ofgeruff den 20. August 2017.
- ↑ ZDFtext S. 141, 12. Oktober 2017 "Asteroid 2012 TC4 flittt knapps laanscht d'Äerd"
- ↑ Tomasz Nowakowski: Will Asteroid 2012 TC4 Hit Earth in October 2017. Bei: spacedaily.com. 17. April 2015. Gekuckt den 20. August 2017. Zuletzt abgerufen 12. Oktober 2017.
- ↑ MPEC 2012-T18. Bei: minorplanetcenter.net. 17. April 2015. Gekuckt den 20. August 2017.
- ↑ JPL Small-Body Database Browser, gekuckt den 20. August 2017.