De Pan-STARRS (Panoramic Survey Telescope And Rapid Response System) ass e System fir kontinuéierlech Observatioun vum Stärenhimmel. Mat senger Hëllef solle vill nei Asteroiden, Koméiten a verännerlech Stären entdeckt ginn.

Zuel vun den äerdnoen Objeten, déi mat verschiddene Projeten entdeckt goufen (LINEAR).

Hie soll aus véier 1,8 m Teleskopen um Mauna Kea an um Haleakalā op Hawaii bestoen, déi fir d'Reduktioun vu Bild- a Miessfeeler gläichzäiteg dat selwecht Himmelsgebitt observéiere sollen. D'Éischt Liicht vum Prototyp Teleskop PS1 um Haleakalā war am Juni 2006.[1] Dat zweet Teleskop, PS2, soll 2013 a Betrib geholl ginn.[2] E Pan-STARRS-Teleskop huet mat 3° en zimmlecht grousst Gesiichtsfeld, dat duerch mat dräi ronn 50 cm Duerchmiesser staark Korrekter-Lënsen no de béide Spigelen an Cassegrain-Formatioun erreecht gëtt;[3] dat resultéierend groussformategt Bild gëtt mat engem 1,4 Milliarde Pixel CCD-Sensor (64×64 Sensore mat jee 600×600 Pixel) erfaasst. Jiddwer Sensor ka wärend enger Opnam d'Bild vertikal an horizontal verréckelen, fir eng duerch Loftonrou verursaacht Bildbeweegung auszegläichen.

Am Juni 2011 gouf mat Pan-STARRS 1 e Koméit entdeckt an C/2011 L4 (PANSTARRS) genannt.[4]

Mat deem Teleskopsystem gouf och den Objet "PS1-10afx" entdeckt. E gëllt als eng Hypernova, déi virun néng Milliarde Joer explodéiert war. Si huet enger Supernova vum Typ Ia geglach, mä war awer dofir vill ze hell. 2013 ass virun där Regioun eng liichtschwaach Galaxis opgefall, déi vun der heller Supernova déi genee derhannert läit, iwwerstraalt gouf, an d'Liicht dat bei der Explosioun ofgestraalt gouf, a Richtung Äerd als Gravitatiounslëns gebëndelt hat. Doduerch huet d'Supernova 30-mol méi hell wéi ouni Lupen-Effet ausgesinn. Wéinst där Observatioun ginn d'Astronomen elo dovun aus, datt an Zukunft nach mée sou Objeten entdeckt ginn, well et als warscheinlech gëllt, datt mat zouhuelender Distanz - iergendwou um Wee vun der Supernova-Stralung bis zu eiser Äerd - et zu engem Gravitatiounslënseneffet komme kann. [5]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. PS1 Prototype Telescope pan-starrs.ifa.hawaii.edu, gekuckt de 26. Juli 2011
  2. Project Status Gearchiveerd op 2013-03-04. Gekuckt de(n) 2012-08-15.
  3. Optical Layout Gearchiveerd op 2011-05-14. Gekuckt de(n) 2012-08-15.
  4. Pan-STARRS Telescope Finds New Distant Comet ifa.hawaii.edu, 16. Juni 2011
  5. Manfred Lindinger: Stärenexplosioun méi hell wéi erlaabt FAZ 25. Abrëll 2014