Eng Sandauer ass eng Virriichtung fir d'Zäit ze moossen. An engem Glaskierper, deen d'Form vun engem Diabolo huet, lafe Sandkären an den ënneschten Deel vum Glas.

Sandauer zu Mainz

Wann d'Glas geäicht ass, léisst sech domat zimmlech genee d'Zäit moossen. Sandauere ginn als Kicheninstrument gebraucht fir Eeër ze kachen.

Symbolesch gouf d'Sandauer gebraucht fir d'Vergoe vun der Zäit an den Doud duerzestellen. Déi zwéin Deeler vun der Sandauer verkierperen hirersäits dat zyklescht Kommen a Goe vu Liewen an Doud, awer och den Himmel an d'Äerd.[1]

An der Konscht gëtt den Doud dacks als Schankemann mat enger Sandauer an der Hand duergestallt. Dëse Schankemann kann och als Méier mat enger Séissel an där enger Hand an enger Sandauer an där anerer optrieden.[1] Och d'Fliedermaus gëtt mam Doud associéiert;[2] dat erkläert, firwat een alt emol op Grafmonumenter[3] oder an der Fassad vun enger Kierfechtskapell[3] eng Sandauer mat den ausgebreete Flilleke vun enger Fliedermaus gesi kann.

Den Doud mat der Sandauer. Holzschnëtt vum Albrecht Dürer (Der Tod und der Landsknecht, 1510)
Eng Sandauer mat Fliedermausflilleken op engem Graf um Cemitério dos Prazeres zu Lissabon

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 J.C. Cooper: Illustriertes Lexikon der traditionellen Symbole. Drei Lilien Verlag, Leipzig 1986, S. 188 (Stundenglas).
  2. H. Bächtold-Stäubli & E. Hoffmann-Krayer (Mitarb.): Handwörterbuch des deutschen Aberglaubens. 3. unver. Aufl. mit einem neuen Vorwort von Christoph Daxelmüller. Band 2: C.M.B. - Frautragen. Walter de Gruyter, Berlin 2000, Kolonn 1590.
  3. 3,0 3,1 z. B. um Cemitério dos Prazeres zu Lissabon.

Um Spaweck änneren

Commons: Hourglasses – Biller, Videoen oder Audiodateien