(357439) 2004 BL86
Asteroid
Den (357439) 2004 BL86 ass en Asteroid vun zirka 440–1000 m Gréisst. Seng Bunn bréngt hien de 26. Januar 2015 um 16:20 UTC bis op eng Distanz vu ronn 1 Millioun km un d'Äerd erun. Nach ni war en Asteroid, vun där Gréisst (0,440–1,000 km), sou no bei d'Äerd komm wéi den 2004 BL86[1].
Hie gouf den 30. Januar 2004 am Kader vum Projet fir d'Himmelsiwwerwaachung (LINEAR) entdeckt.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,5022 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,4031 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1 a 307 d |
Inklinatioun | 23,7436 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 0,440–1,000 km |
Absolut Hellegkeet | 19,0M |
Entdeckung | |
Entdecker | LINEAR |
Entdeckungsdatum | 30. Januar 2004 |
Aner Bezeechnungen | 2004 BL86 |
An der Nuecht vum 26. op de 27. Januar 2015 hat den Asteroid eng visuell Magnitude vun 9,0 mag kritt an hat tëscht 4:00 a 5:00 Auer UTC de Stärekoup (M44) Praesepe passéiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- Orbital simulation vum JPL (Java) / Ephemeris
- Sky & Telescopes B/W finder chart