(276033) 2002 AJ129

Asteroid

Den (276033) 2002 AJ129 ass en Asteroid, dee reegelméisseg d'Bunne vun alle bannenzege Planéiten (Merkur, Venus, Äerd a Mars) vum Sonnesystem kräizt.

(276033) 2002 AJ129
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Äerdbunnkräizer
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,3711 A.E.
Exzentrizitéit 0,9155
Sideresch Ëmlafzäit 1 a 221 d
Mëttel Bunnvitess 24 bis 51 km/s
Inklinatioun 15,4489 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 400 bis 1200 Meter
Absolut Hellegkeet 18,7
Entdeckung
Entdecker NEAT
Entdeckungsdatum 15. Januar 2002
Plaz Haleakala Observatoire
Aner Bezeechnungen 2002 AJ129


Beschreiwung änneren

Den Objet gouf de 15. Januar 2002 am NEAT-Programm vum Jet Propulsion Laboratory um Haleakala Observatoire op Maui entdeckt. Néng Deeg méi spéit war den Asteroid bis op eng Distanz vun 0,3364 AE (ongeféier 50 Mio. km) un Äerd erukomm. Den Äerdbunnkräizer ass en Apollo-Asteroid, seng Bunnëmlafzäit dauert 586 Deeg an néng Stonnen.

D'Gréisst vum Himmelskierper gëtt op ronn 400 bis 1200 Meter Duerchmiesser geschat. Iwwer seng Zesummensetzung ass nach näischt bekannt. Wéinst senger Mass, sengem Orbit an der héijer Bunnvitess vu 24 bis 51 km/s gëllt en als e potentiell geféierlechen Asteroid.

Wéi en de 4. Februar 2018 nees no bei eiser Äerd laanschtkoum, woubäi en um 21:31 Auer UTC bis op 0,028127 AE (ronn 4,2 Mio. Kilometer, déi eeleffach Mounddistanz) erukomm ass, gouf en den Dag virdrun an déi zwéin dono mat Radarbiller vum Goldstone-Radioteleskop observéiert.

Rendezvousen änneren

2011 goufen déi nächst Rendez-vouse fir knapps 200 Joer am Viraus berechent[1]. Op enger méi kuerzer Distanz wéi déi vun 2018 passéiert den Asteroid d'Äerd an dësem Joerhonnert nëmmen nach 2087.
Mat enger Kollisioun brauch een an dësem Joerhonnert ne zet rechnen, well d'Distanz méi wéi déi zéngfach Mounddistanz ass. Fir d'Joer 2172 gëtt et eng méi enk Passage mat enger Distanz vun nëmme ronn 685.600 km.

Tabellen änneren

2002–2099
Datum/Zäit Distanz Vrel Bemierkung
AE [km/sec]
2002-Jan-26 23:32 0,33640 26,1
2008-Abr-07 15:20 0,24586 36,7
2010-Jan-30 15:28 0,18208 29,8
2016-Abr-13 18:28 0,25676 32,2
2018-Feb-04 21:31 0,02812 34,0
2024-Abr-18 05:29 0,32520 28,7
2026-Feb-09 18:09 0,09333 37,7
2032-Abr-21 12:08 0,42262 25,6
2034-Feb-15 11:39 0,22167 41,9
2042-Feb-21 12:46 0,34807 46,2
2050-Feb-27 19:41 0,47027 50,6
2053-Mäer-22 23:13 0,46142 48,2
2061-Mäer-29 07:05 0,36109 43,8
2063-Jan-26 19:46 0,41562 24,7
2069-Abr-04 10:40 0,27651 39,5
2071-Jan-28 20:20 0,27891 27,4
2077-Abr-09 23:22 0,23704 35,6
2079-Feb-01 07:54 0,15023 30,6
2085-Abr-14 21:03 0,25744 32,0
2087-Feb-05 18:51 0,02509 34,2 min. Distanz
2093-Abr-18 11:06 0,31302 29,1
2095-Feb-09 16:47 0,07329 37,1
2100–2196
Datum/Zäit Distanz Vrel Bemierkung
[AE] [km/sec]
2101-Abr-22 12:39 0,39222 26,5
2103-Feb-15 10:15 0,18213 40,6
2109-Abr-24 07:59 0,48442 24,2
2111-Feb-20 13:31 0,29054 44,2
2119-Feb-25 18:14 0,39601 47,9
2127-Mäer-03 02:16 0,49741 51,7
2130-Mäer-25 18:11 0,44322 47,5
2138-Mäer-31 03:42 0,35751 43,8
2140-Jan-28 13:01 0,41851 24,7
2146-Abr-05 07:55 0,28417 40,2
2148-Jan-30 02:57 0,30260 26,9
2154-Abr-10 04:33 0,23966 36,7
2156-Feb-01 19:10 0,19393 29,5
2162-Abr-14 08:03 0,23658 33,7
2164-Feb-05 01:34 0,09396 32,2
2170-Abr-17 19:25 0,26850 31,1
2172-Feb-08 12:56 0,00458 34,9 min. Distanz
2178-Abr-20 07:15 0,30934 29,1
2180-Feb-11 05:21 0,06573 36,9
2186-Abr-22 16:01 0,36832 27,1
2188-Feb-14 21:56 0,15023 39,5
2194-Abr-24 13:09 0,44400 25,1
2196-Feb-19 01:50 0,24169 42,5

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 2002 AJ129 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Tabelle NASA-JPL