(229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà
Den (229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà (2007 UK126) ass en transneptuneschen Objet.
![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Transneptuneschen Objet, SDO |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 73,81 A.E. |
Peridatum | 18. Abrëll 2046 |
Exzentrizitéit | 0,4919 |
Sideresch Ëmlafzäit | zirka 634 Joer |
Mëttel Bunnvitess | ? km/s |
Inklinatioun | 23,3411 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 599 ± 77 km |
Rotatiounsperiod | 11 h |
Albedo | 0,167 |
Absolut Hellegkeet | 3,5 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Megan E. Schwamb M. E. Brown D. L. Rabinowitz |
Entdeckungsdatum | 19. Oktober 2007 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Den Asteroid gouf am Oktober 2007 entdeckt. Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk objects. Wéinst senger Gréisst ass den Asteroid en Zwergplanéitekandidat.
Bunneegenschaften
ännerenDen 2007 UK126 beweegt sech op enger relativ elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,4919), mat enger Ëmlafdauer vun iwwer 634 Joer.
Mam Herschel-Weltraumteleskops (Instrument PACS) gouf den Duerchmiesser op 599 ± 77 km bestëmmt. Leider louche vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) keng Observatiounsdate vir, soudatt d'Modelléierung entspriechend Onsécherheeten opweist.
Zwergplanéitekandidat
ännerenEt ass warscheinlech, datt den 2007 UK126 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou ziimlech ronn ass. De Mike Brown klasséiert den 2007 UK126 als héichstwarscheinlechen Zwergplanéit an.
Mound
ännerenDe Gǃkúnǁʼhòmdímà huet e Mound mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 139 km, deen den Zentralkierper an 3,7 Deeg eemol ëmkreest. Bis elo konnt nach keng Berechnung vun der Mass vum System gemaach ginn.
Erfuerschung
ännerenNo senger Entdeckung gouf de Gǃkúnǁʼhòmdímà och op eelere Fotoe vun 1982 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 85-mol an 33 Joer observéiert ginn (Stand Okt. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- How many dwarf planets are there in the outer solar system? Aktuell Lëscht vun de gréissten TNOe vum Mike Brown
- (en) "TNOs are Cool": A survey of the trans-Neptunian region IV. Size/albedo characterization of 15 scattered disk and detached objects observed with Herschel-PACS.