E Cubewano ass e Kuiperceinture-Objet (Kuiper Belt Object, KBO), deen d'Sonn op enger Distanz tëscht 41 a 50 Astronomeschen Eenheeten ëmkreest a keng Bunnresonanz mat de baussenzege Planéiten huet. Dës och als klassesch Kuiperceinture-Objeten (Classical Kuiper Belt Objects, CKBOen) bezeechent Himmelskierper beweege sech op bal kreesfërmege Bunnen, also mat manner Exzentrizitéit, a mat Bunneschréie vu bis zu 30°.

D'Bunne vun de Cubewanoen (blo) am Verglach zu deene vun de Plutinoen (rout)

Ongeféier zwéin Drëttel vun de bekannte KBOen, beweege sech op sou enger kreesänlecher Bunn ëm d'Sonn. Déi aner gehéieren zu de Gruppe vu resonante KBOen, wéi d'Plutinoen, oder zu de Scattered Disc Objects (SDOen).

Benennung änneren

D'Bezeechnung Cubewano ass ofgeleet vun der englescher Aussprooch vum éischten entdeckte KBO 1992 QB1 als „Q-B-one“.

Bekannt Cubewanoen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren