Étretat ass eng Uertschaft a Gemeng a Frankräich, am Departement Seine-Maritime an der Regioun Normandie. Et läit 25 km nërdlech vu Le Havre, op der Küst vun der Manche, op der sougenannter Côte d'Albâtre déi Deel ass vum Pays de Caux. Et ass international bekannt fir seng Fielse laanscht d'Mier aus wäisser Kräid, absënns déi 3 Béi dodrann, a seng Plage aus groe Kiselsteng.

Étretat
Märei

Märei
Märei
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Seine-Maritime
Arrondissement Le Havre
Kanton Octeville-sur-Mer
Postcode 76790
Gemengecode 76254
Koordinaten 49° 42’ 26’’ N
      01° 12’ 27’’ O
Fläch  407 ha
Bevëlkerung  1.242 (2018)

Étretat war e klengt Fëscherduerf, dat sech am 19. Joerhonnert zu enger beléifter Destinatioun fir Kënschtler entwéckelt huet. De Jacques Offenbach oder Guy de Maupassant hunn do mat hire Frënn Fester gefeiert. Moler wéi de Gustave Courbet, den Eugène Boudin oder de Claude Monet hu mat hire Molereie vun der Uertschaft zu hirer Bekanntheet bäigedroen. Och Schrëftsteller wéi de Gustave Flaubert oder de Maurice Leblanc hunn zäitweileg oder fir méi laang do gewunnt. Vum leschtgenannte gëtt et eng Episod vu senger Serie Arsène Lupin mam Numm L'Aiguille creuse, déi do spillt.

Biller änneren

Étretat an der Molerei änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Étretat – Biller, Videoen oder Audiodateien