Den Arsène Lupin ass e fiktive Personnage, dee vum Maurice Leblanc geschafe gouf. Et ass en Gentleman-Déif, bekannt fir säin Talent fir sech ze verkleeden, d'Identitéit ze wiesselen an am Kampfsport ze brilléieren, fir seng Déifställ ze realiséieren.

Arsène Lupin
Den Arsène Lupin (lénks), no enger Illustratioun vum Richard Boehm
Createur Maurice Leblanc
Ass en(g) fiktive Mënsch, literaresch Figur
Geschlecht männlech
Gebuer 1874
Aktivitéit Déif

De Leblanc huet vun 1905 bis 1941 net manner wéi 18 Romaner, 39 Novellen a 5 Theaterstécker iwwer den Arsène Lupin geschriwwen.

Vill Aventurë spillen am Frankräich vun der Belle Époque a vun den 1920er Joren. De Wee vum Arsène Lupin ass dobäi vun den Iwwerzeegunge vu sengem Auteur gezeechent: Anarchistesch Sympathië vum Lupin aus den éischte Romaner maache Plaz fir grousse Patriotismus an de Wierker déi wärend dem Éischte Weltkrich geschriwwe goufen. Zum Schluss wandelt sech de Lupin vum Déif zum Detektiv, dee just nach seelen eppes matgoe léisst.

D'Geschichten iwwer den Arsène Lupin ginn och am Ausland bekannt a féieren ë. a. zu Hollywood- a Manga-Adaptatiounen.

2020 koum mat Lupin eng Netflix-Serie eraus, mam Omar Sy an der Haaptroll, déi sech um Personnage an un de Geschichte vum Arsène Lupin inspiréiert.

Arsène Lupin Romaner an Novellen änneren

  • Arsène Lupin, gentleman-cambrioleur, 1907
  • Arsène Lupin contre Herlock Sholmès, 1908
  • L'Aiguille creuse, 1909
  • 813, 1910
  • Le Bouchon de cristal, 1912
  • L'Homme à la peau de bique, 1912 (erauskomm als éischt op Englesch als A tragedy in the Forest of Morgues)
  • Les Confidences d'Arsène Lupin, 1913
  • Les Dents du tigre, 1914 (erauskomm als éischt op Englesch als The Teeth of the Tiger)
  • L'Éclat d'obus, 1916
  • Le Triangle d'or, 1918
  • L'Île aux trente cercueils, 1919
  • Les Huit Coups de l'horloge, 1923
  • Dorothée danseuse de corde, 1923
  • La Comtesse de Cagliostro, 1924
  • Le Pardessus d'Arsène Lupin, 1926 (erauskomm als éischt op Englesch als The Overcoat of Arsène Lupin)
  • L'Agence Barnett et Cie, 1928
  • La Demeure mystérieuse, 1929
  • Le Pont qui s'effondre, 1929 (erauskomm als éischt op Englesch als The Bridge that Broke)
  • La Barre-y-va, 1931
  • La Femme aux deux sourires, 1933
  • Victor, de la Brigade mondaine, 1933
  • La Cagliostro se venge, 1935
  • Les Milliards d'Arsène Lupin, 1941
  • Le Dernier Amour d'Arsène Lupin, 2012 (posthum Verëffentlechung vun engem Text deen et net iwwer en éischten Entworf erausbruecht hat)

Arsène Lupin Filmer (Auswiel) änneren