De Gustave Courbet, gebuer den 10. Juni 1819 zu Ornans am Departement Doubs a gestuerwen den 31. Dezember 1877 zu La Tour-de-Peilz an de Schwäizer Kanton Vaud, war e franséische Moler.

Gustave Courbet
Gebuer 10. Juni 1819
Gestuerwen 31. Dezember 1877
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Zeechner
Famill
Geschwëster Juliette Courbet

De Gustave Courbet huet d'Molerei autodidaktesch geléiert andeems hien d'Natur studéiert a sech d'Biller am Louvre ugekuckt huet. De Courbet war 1840 op Paräis komm an hien ass duerch seng revolutionär an antiklerikal Astellung, déi een och an e puer vu senge realistische Biller erkenne kann, zum Géigner vum napoleonesche Regime ginn. Als Member vun der Paräisser Commune ass hien 1873 an d'Schwäiz fortgelaf.

Säi Wierk änneren

Seng naturverbonne Molerei ass am Ufank op ganz grouss Kritik gestouss a wëll hie bei den offiziellen Ausstellunge vum Salon net zougelooss gouf, huet hien 1855 eng erfollegräich Géigenausstellung organiséiert.

Hie gëllt als ee vun de Grënner vum Realismus an der Molerei an dem hie Biller gemoolt huet mat alldeegleche Persounen a Saachen. Spéider huet hien och Nature Morten, Portraiten a Juegdzeene gemoolt, déi déi däitsch a franséisch Molerei staark beaflosst hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Gustave Courbet – Biller, Videoen oder Audiodateien