Departement Seine-Maritime
Seine-Maritime (76) | |
---|---|
![]() | |
Regioun | ![]() |
Prefecture | Rouen |
Ënnerprefecture | Le Havre Dieppe |
Bevëlkerung | 1 243 834 Aw.(2006) |
Fläch | 6 278 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantonen | 69 |
Gemengen | 745 |
![]() |
D'Seine-Maritime (76) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Floss Seine hierhuet. Et gehéiert zur Regioun Normandie
Geschicht Änneren
D'Departement Seine-Maritime ass eent vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. Et gouf zesummegesat aus engem Deel vun der Provënz Normandie.
Geographie Änneren
D'Seine-Maritime gehéiert zu Regioun Haute-Normandie, a grenzt un d'Departementer Oise, Eure, Somme a Calvados.
Se besteet haaptsächlech aus Plateauen déi vun den Däller vun der Seine an hiren Nieweflësss duerchschnidde ginn.
D'Landschaft ass duerch landwirtschaftlech Aktivitéite markéiert, et gëtt vill Heckelandschaften déi sougenannt Bocages, an ass dat Departement an der Haute-Normandie mat de meeschte Bëscher.
D'Departement läit op enger Héicht vun 0 Meter, do wou d'Seine an d'Äermelkanal leeft, bis 246 Meter am Conteville.
Brécken Änneren
Op der Grenz mat dem Departement Eure steet d'Bréck vun Tancarville eng vun de gréisste Brécken a Frankräich
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Seine-Maritime – Biller, Videoen oder Audiodateien |