Wolfgang Osterheld
De Wolfgang Osterheld, gebuer den 20. November 1948 zu Wiesbaden, ass en däitsche Fotograf, Auteur, Iwwersetzer an Terminolog, deen zanter 1978 zu Lëtzebuerg lieft. Hien ass virun allem wéinst senge schwaarz-wäisse Portraitsfotoe bekannt.
Wolfgang Osterheld | |
---|---|
Gebuer | 20. November 1948 |
Aktivitéit | Fotograf |
Hien ass och den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu Publikatiounen an Zeitungen an Zäitschrëften, an och vu Bicher.
Säi LiewenÄnneren
Am Alter vun 12 Joer ass de Wolfgang Osterheld an d'Géigend vu Paräis komm, wou hie spéider Droit a Psychologie studéiert huet.[1]
1978 huet hie sech zu Lëtzebuerg installéiert, wou hie sech an der schwaarz-wäiss Portraitsfotografie spezialiséiert huet, virun allem vu Kënschtler, déi hie meeschtens an hirer Wunneng fotograféiert.
AuszeechnungenÄnneren
Publikatiounen (Auswiel)Änneren
- 1995. Portraits. Regards sur la création au Luxembourg. Éditions Phi, Iechternach. 260 S. ISBN 2-87962-043-0 (Frankräich). ISBN 3-88865-120-4 (Däitschland). Cote BNL LB 17839.
QuellenÄnneren
- Travestino, Emmanuelle, 1995. In: Portraits. Regards sur la création au Luxembourg. Éditions Phi, 260 S. (Presentatioun vum Fotograf W. Osterheld op der bannenzeger Säit vum Buchcover).
- Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A – Z, 2006. Zesummegestallt vum Georges Hausemer. Verlag Guy Binsfeld. Cf. Osterheld, Wolfgang, S. 326.
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ E. Travestino 1995.