Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Emile-Hammerel-Bréck ass eng Stroossebréck zu Beetebuerg. Op hir féiert d'Nationalstrooss 13 iwwer d'Beetebuerger Gare, an domat iwwer d'Eisebunnsstrecke 6, 6a a 6b, ewech.

Emile-Hammerel-Bréck
OA265
déi nei Bréck (nach ouni Rampen; Aug. 2024)
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Beetebuerg
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer CFL-Linn 6
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck (1. Bréck)
Bowstring-Bréck (2. Bréck)
Totallängt 148 m
Gréisst Iwwerspanung 80,30 m
Héicht vum Bou 22,50
Bemierkungen
Opgaangen 1976
Ofgerappt 2024 (1. Bréck)

Zwou Brécke kënne mat deem Numm gemengt sinn: déi al, déi vun 1976 bis 2024 bestanen huet, an déi nei, déi vun 2024 un déi éischt ersetzt.

Si gouf nom fréiere Beetebuerger Buergermeeschter Emile Hammerel genannt.

Éischt Bréck (1976-2024)

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 
Déi éischt Hammerel-Bréck, vun de Quaien aus gekuckt.

Si gouf am Summer 2024 komplett ofgerappt. Dofir gouf fir ee Mount den Zuchtraffick tëscht Diddenuewen, respektiv Esch, an der Stad, gespaart.[1],[2]

Zweet Bréck vun 2024

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Et ass eng 148 m laang Bow-String-Bréck. Si gouf 2024 nieft der Gare zesummegebaut a bannent der leschter Juliwoch 2024 gouf déi 1.300 Tonne schwéier Charpente vun der Bréck op hir Piliere gesat.[3] Bis viraussiichtlech Uganks 2025 ginn d'Rampen an domat den Zougang zu der Bréck realiséiert.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. "Déi al Hammerel-Bréck zu Beetebuerg ass Geschicht." rtl.lu, 21.07.2024.
  2. Christophe Hochard: "Beetebuerg seet der Hammerel-Bréck Äddi." rtl.u, 20.07.2024.
  3. Glenn Schwaller: "Bettemburg: 1.300 Tonnen schwere Brücke wird an Platz geschoben." wort.lu, 24.07.2024.