40000 v. Chr.: Éischt Unzeeche vun enger mënschlecher Presenz um Site vu Paräis.
4200 v. Chr.: Unzeeche vun enger permanenter Habitatioun zu Paräis. Bei Ausgruewungen zu Bercy am Joer 1991 goufen ënner anerem e Bou a Geschier fonnt.
Mee 52 v. Chr.: Schluecht vu Lutezia. Victoire vum Labienus, Lieutenant vum Julius Cäsar, iwwer d'Senonen an d'Parisii. D'Parisii hunn op dësem Site zanter e puer Joerhonnerte gelieft. D'Gallier hu beschloss, léiwer hir Brécken ze zerstéieren an hir "Stad" selwer a Flamen ze setzen, wéi d'Réimer eranzeloossen. De Brand vu Lutezia huet de Réimer erméiglecht, der Stad zimmlech séier eng réimesch Struktur ze ginn, ausserdeem war mat siwen Hiwwelen an engem Floss d'Parallel mat Roum zimmlech einfach.
Tëscht 14 a 37: D'Naute vu Lutezia bauen eng Kolonn zu Éiere vum Gott Jupiter: et ass de berüümte « Pilier des Nautes » deen ënner de Fëllementer vun der Notre-Dame fonnt gouf.
Tëscht 100 an 200: Zu Lutezia ginn dräi Therme gebaut, déi duerch en Aqueduc vu 16 km laanscht d'Bièvre versuergt ginn, en Amphitheater mat 17.000 an en Theater mat 3.000 Plazen.
Ëm 250: Den éischte Bëschof vu Lutezia, den Saint Denis, stierft als Märtyrer. Hie war ee vun de siwe Bëscheef déi a Gallien geschéckt goufen, fir d'Land z'evangeliséieren. D'Succèsen hunn den Haass vun den Heide provozéiert, déi hien um Hiwwel vu Montmartre gekäppt hunn. Der Legend no huet den hellegen Denis du säi Kapp a seng Hänn geholl, wat zu der klassescher Representatioun vum Patréiner vu Frankräich ginn ass.
275 oder 276: D'lénkst Ufer vu Lutezia gëtt vu Germane geplëmmt.
291-292: Ganz äisege Wanter, d'Seine ass zougefruer.
Ëm 308: Ronderëm d'île de la Cité gëtt eng Mauer gebaut, fir sech virun de Germanen ze schützen.
Mäerz346: No 20 Deeg Reen ouni Paus kënnt et zu Iwwerschwemmungen.
360: Konzil zu Paräis iwwer den Arianismus. Dës "barbaresch" reliéis Beweegung erkennt weeder d'Divinitéit vu Christus nach d'Autoritéit vum Poopst. Den Arianismus huet sech duerch d'barbaresch Invasiounen an Europa verbreet. Paräis gëtt, nach méi wéi Roum, zu der Stad déi am stäerkste géint den Arianismus virgeet, a bleift dem réimesche Christianismus, dem Katholizismus, trei.
November 397: « Été de Saint-Martin » vum 8. bis 11. November: « les roses refleurissent ».
451: Den Attila a seng Hunne sti virun de Paarte vu Paräis. D'Helleg Geneviève (422-502) kann d'Paräisser dovun iwwerzeegen, an der Stad ze bleiwen. Den Attila verschount Paräis a mécht sech op de Wee Richtung Orléans.
486: D'Helleg Geneviève hëlt Verhandlunge mam Clovis iwwer d'Soumissioun vu Paräis op. De Clovis huet grad eng grouss Schluecht géint de Réimer Syagrius gewonnen, mä d'Helleg Geneviève verbitt him, op Paräis ze kommen. Hie belagert d'Stad wou kuerz drop d'Liewensmëttel knapps ginn. D'Helleg Geneviève organiséiert de Ravitaillement an de Clovis hieft d'Belagerung op. Dës gespaante Situatioun tëscht Paräis an dem Clovis dauert nach 10 Joer. Paräis ass zu där Zäit eng kleng kathoulesch Insel an engem Ozean dee vum Arianismus dominéiert gëtt, an d'Helleg Geneviève wëll net datt all Strécker mam Clovis räissen, deen zwar e Barbar ass, awer keen arianistesche Kinnek. D'Néierlag vum Syagrius, « le dernier des Romains », steet als Paräisser Zäsur tëscht Antiquitéit a Mëttelalter, oder éischter der Spéitantiquitéit.
585: Grousse Brand op der île de la Cité. Nëmmen der Kathedral ass näischt geschitt.
10. Oktober614: Konzil iwwer d'Fräiheet vun de Bëschofswalen an iwwer d'Juridiktioun vun de Bëscheef iwwer de Klerus. Zanter dem Konzil vu Clermont goufen d'Bëscheef scho vum Klerus a vum Vollek gewielt.
861: Iwwerfall vun den Normannen, d'Stad an d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés ginn a Flamen op.
869: Iwwerfall vun den Normannen, d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt geplëmmt.
870: Fir Paräis besser virun den Normannen ze schütze ginn de Grand-Pont an de Petit-Pont gebaut.
24. November885: Neien Iwwerfall vun den Normannen op Paräis mat 700 Schëffer.
28. November885: No véier Deeg mussen d'Normannen e Lager opbauen, fir d'Stad besser belageren ze kënnen. Bei der Belagerung vu Paräis hunn d'Normanne vill Schued ronderëm d'Stad ugeriicht an och probéiert Paräis selwer unzegräifen.
6. Februar886: De Petit-Pont brécht duerch en Héichwaasser zesummen, an d'Normanne kënnen Deeler vu Paräis plëmmen. De groussen Deel vun den Truppen huet d'Belagerung weidergefouert.
September886: De Keeser Charles den Décke kënnt op Paräis a bezillt 700 Livres fir datt d'Normannen d'Belagerung ophiewen. Ausserdeem erlaabt hien hinnen, weider an d'Bourgogne ze zéien, déi nach net komplett ënnerworf ass. D'Paräisser si mat dësem Accord net averstanen.
Mee 887: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
Juni-Juli 889: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mä si kommen op en Neits net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
Wanter974-975: Battere Wanter, nach am Mee fält Schnéi.
3. November1130: « Miracle des Ardents »: D'Epidemie hält no enger Pressioun vun de Reliquië vun der helleger Geneviève op.
2. Oktober1131: † Philippe, eelste Jong vum Kinnek Louis den Décken, dee vu sengem Päerd erofgehäit gi war, dat duerch e Schwäin erféiert war, wat duerch d'Rue Saint-Jean gelaf ass. No dësem Accident ass et verbueden, d'Schwäin an de Stroosse lafen ze loossen.
1132: De Bëschof vu Paräis verbitt d'Schoul op der Montagne Sainte-Geneviève well et duerch d'Unzuel vu Studenten ëmmer zu Onroue komm ass.
1154: D'Chanoines de Sainte Opportune fänken un d'Mueren tëscht Montmartre an der Stad dréchenzeleeën.
1164: Bei der Rekonstruktioun vun der Kathedral gëtt d'Rue Neuve Notre Dame geschaf. Duerch dës Aarbechte gëtt den Hôtel-Dieu zerstéiert, dee südlech vu senger aler Plaz nees opgebaut gëtt.
5. Februar1180: D'Uféierer vun der jiddescher Communautéit vu Paräis gi festgeholl. Si gi vum Philippe Auguste verurteelt, 15.000 Sëlwermarken als Strof ze bezuelen.
Abrëll 1182: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit. Aus hirer Synagog gëtt d'Kierch La Madeleine.
19. Mee1182: Den Haaptaltor vun der Kathedral Notre-Dame gëtt ageweit.
1186: Op en Uerder vum Philippe-Auguste kréien d'Haaptstroosse vu Paräis e Pavé.
3. Abrëll1194: An der Schluecht vu Freteval ginn d'kinneklech Archiver verluer. De Philippe-Auguste decidéiert alles an zwéin Exemplairen opzehiewen, wouvun een obligatoresch zu Paräis versuergt muss ginn.
Ëm 1200: Éischt Zeeche fir d'Identifikatioun vu Privathaiser z'erméiglechen.
1200: Tëscht de Studenten an den Truppe vum Prévôt vu Paräis, 5 Doudeger. De Philippe-Auguste gëtt de Studente Recht a confirméiert de Privileeg vun de Schoulmeeschter a Studenten, datt si nëmme vun der Justiz vum Bëschof ofhängeg sinn. Et ass den Ufank vun der Universitéit.
1225: D'Paräisser Studente ginn onroueg nodeem de Legat vum Poopst d'Sigel vun der Universitéit, wat si 1221 kritt hat, zerstéiert. Zwee Männer vum Legat kommen ëm d'Liewen.
Ëm 1250: Konstruktioun vun der Cura Regis (Parlament) mat den éischte reng juristesche Sessiounen. D'Paräisser Parlament ass keng lokal, mä eng national Institutioun, déi och vun der Picardie bis an d'Auvergne, vun de Pays de Loire bis an d'Champagne geet.
1305: Wéinst Aarbechten um Pont au Change, maachen d'Wiessler hir Aarbecht um rietsen Ufer beim Châtelet. Bis dohin hu si déi verschidden europäesch Wärunge gewiesselt, lues a lues fänke si och un, Suen ze léinen. Dës Zort vu Wiessler gëtt Lombards genannt.
21. Juni1306: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit an hire Besëtz gëtt konfiszéiert.
30. Dezember1306: Opstand vun der Bevëlkerung well den Hauszëns an d'Luucht gaangen ass.
5. Januar1307: 28 Manifestanten, déi géint d'Erhéijung vun de Loyersë protestéiert hunn, ginn erhaangen.
1307: D'Paräisser Parlament gëtt zu enger permanenter Institutioun fir d'kinneklech Justiz a leschter Instanz. Nëmmen de Conseil du Roi kann dës Urteeler revidéieren.
1313: En éischte Quai gëtt tëscht dem Klouschter Grands Augustins an dem Hôtel de Nesle gebaut.
13. Juni1313: Op en Neits Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwätzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
24. Februar1358: Den Dauphin versprécht, datt hien d'Grouss Ordonnance respektéiere wäert, a véier Paräisser Bierger, ënner hinnen den Étienne Marcel, kommen a säi Conseil.
10. Juni1358: Enn vun der Jacquerie vun de Bauere vum Beauvaisis déi den Étienne Marcel ënnerstëtzt hat.
11. Juli1358: D'Paräisser probéieren aus der belagerter Stad erauszekommen, mä ginn zu Bercy ugehalen.
19. Juli1358: D'Belagerung gëtt vum Dauphin wéinst engem Manktem u Suen nees opgehuewen.
21. Juli1358: Kläpperei tëscht Paräisser an Englänner, eng 30 Englänner kommen ëm d'Liewen.
22. Juli1358: Expeditioun vu Paräisser fir d'Englänner vu Saint-Cloud a Saint-Denis ze verdreiwen, mä ouni Succès, d'Paräisser gi massakréiert.
31. Juli1358: Tentative vum Étienne Marcel fir d'Dire vun der Stad fir d'englesch Sëldner an de Kinnek vun Navarra opzemaachen. Hie gëtt bei der Bastide Saint-Antoine vu Leit vum Dauphin ëmbruecht.
10. August1358: Nodeem e puer Unhänger vum Étienne Marcel higeriicht goufen, gëtt eng Amnestie ausgeruff.
13. Mee1360: Eng Konventioun tëscht de Bierger vu Paräis an den Englänner gëtt ënnerschriwwe fir 10 Befestegungsanlagen zeréckzekafen, déi d'Kommunikatiounen an de Ravitaillement vun der Stad genéieren.
1364: De Charles V gëtt zum Kinnek vu Frankräich gekréint. Hie verléisst den Hôtel Saint-Pol am Marais, an installéiert sech am Louvre, deen hie renovéiere léisst.
1365: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 275.000 Awunner geschat.
1368: D'Bièvre gëtt op en Neits ëmgeleed a fléisst op der Héicht vun den Tournelles an d'Seine.
1370: No enger kinneklecher Ordonnance lauden d'Kiercheklacken d'Stonnen an d'Véirelstonnen no der Zäit vun der Auer vum Henri de Vic am Palais de la Cité.
22. Juni1397: De Prévôt vu Paräis verbitt de Jeu de Paume all Dag ausser Sondes, « parce que plusieurs gens de métier et autres du petit peuple quittaient leur ouvrage et leur famille pendant les jours ouvrables, ce qui était fort préjudiciable pour le bon ordre public ».
1775-1776: Äisege Wanter zu Paräis, d'Seine ass zougefruer an et gëtt e Rekord vu -17,2 °C den 29. Januar gemooss.
21. November1783: Éischte Vol vun engem Mënsch an engem Ballon duerch de Fransous Pilatre de Rosier. Dësen éischte Vol iwwer Paräis dauert 28 Minutten a flitt 1.000 Meter héich.
1783-1784. Äisege Wanter, et ass wärend 69 Deeg zu Paräis gefruer an d'Rekordtemperatur läit bei -19,1 °C. D'Seine ass fir zwéi Méint zougefruer.
1816: 5 000 Lantere sollen 1 600 Paräisser Stroosse beliichten, an et gëtt vill Plainte well dës Beliichtung vu schlechter Qualitéit ass. Dofir gëtt ëmgestallt op Beliichtung duerch Gas, wat sech schonn zu London duerchgesat huet.
21. Juli - 18. August2002: Éischt Editioun vu "Paris-Plage" mat 1.000 Tonne rengem Sand a Palmen. Et ass e grousse Succès fir d'Haaptstad mat iwwer 2,5 Millioune Besicher.
5. Oktober2002: Éischt Editioun vun der « Nuit Blanche » déi d'zäitgenëssesch Konscht eng ganz Nuecht laang feiert.
2003: Ganz waarme Summer mat 15.000 Doudeger a ganz Frankräich. Zu Paräis gëtt et 9 Deeg mat iwwer 35 °C vum 4. bis 12. August. Rekord vun der Minimaltemperatur an der Nuecht mat 25,5 °C an der Nuecht vum 11. op den 12. August. Et ass de wäermste Summer zanter offiziell Daten zu Paräis notéiert ginn (1757).