Thomas vun Aquin

italieeneschen Theolog a Philosoph

Den Thomas vun Aquin, gebuer ëm 1225 um Schlass vu Roccasecca bei Neapel an Italien a gestuerwen de 7. Mäerz 1274 an der Abtei Fossanova, war en italieeneschen Dominikaner, deen als ee vun de bedeitendste Philosophen an Theologe vum Mëttelalter gëllt.

Thomas vun Aquin
Gebuer 1225
Roccasecca
Gestuerwen 7. Mäerz 1274 jul.
Klouschter Fossanova
Educatioun Paräisser Universitéit,
Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Theolog, Professer, Priister, Philosoph, Schrëftsteller
Den Thomas vun Aquin op engem Bild vum Fra Angelico

Liewen änneren

Hien ass géint de Wëlle vun senger adeleger Famill an deen nei gegrënnten Heeschenuerde vun den Dominikaner agetrueden - si hätten hie léiwer deemools am Benediktineruerde gesinn. Seng Bridder entféieren hie souguer, mä wéi et hinnen net geléngt, den Thomas vu sengem Wëllen ofzebréngen, loosse si hie schliisslech goen.

Vun 1248 bis 1252 léiert hie beim Albert dem Groussen, och en Dominikaner, zu Köln. Vun 1269 un ass hien als Studieprefekt vu sengem Uerden zu Neapel, wou en 1272 eng Dominikanerschoul opbaut. Säi Liewen ass, geméiss dem Zil vun den Dominikaner, ganz op de Studium ausgeriicht. Zesumme mam Albertus grënnt hie gewëssermoossen eng nei, wëssenschaftlech Theologie, déi och naturwëssenschaftlech Erkenntnesser an d'Wësse vun den Araber an den ale Griichen, dat grad nei entdeckt gouf, mat abezitt.

1323 huet de Poopst Johannes XXII. den Thomas vun Aquin helleggesprach. 1567 krut hien den Titel Docteur de l'Église ("Kirchenvater").

Bis haut gëllt den Thomas vun Aquin als ee vun deene gréissten Theologen iwwerhaapt a gëtt als groussen Hellege veréiert.

Säi Graf ass an der Jakobinnerkierch vun Toulouse.

Wierk änneren

 
Super libros de generatione et corruptione

Dem Thomas säi Wierk ass enorm, net onbedéngt wat d'Zuel vun de Bicher ugeet, mä virun allem am Bezuch op seng Wierkung souwuel op d'Theologie wéi op d'Philosophie, am Mëttelalter an nach laang duerno. Seng Aart a Weis ze denken, seng systematesch Uerdnung vun der Theologie a seng grouss Erkenntnesser hunn d'Chrëschtentum wuel am stäerkste beaflosst, bis an eis Zäit eran. Zu senge bekanntsten a wichtegste Schrëfte gehéieren d'Summa contra gentiles an d'Summa theologica, e Versuch, déi komplett chrëschtlech Theologie z'uerdnen a wëssenschaftlech erkläert duerzestellen.

Literatur änneren

  • Jean-Pierre Torrell, Saint Thomas d'Aquin - L'homme et son oeuvre ; Paräis (Cerf; Kollektioun Épiphanie), 2012; 368 Säiten.
  • Marie-Dominique Chenu, Saint Thomas d'Aquin et la Théologie ; Paräis (Seuil - Points Sagesses), 2005; 191 Säiten.
  • Maximilian Forschner, Thomas von Aquin ; München (Beck'sche Reihe), 2006; 238 Säiten.

Um Spaweck änneren

Commons: Thomas Aquinas – Biller, Videoen oder Audiodateien