Mona Lisa
Informatiounen
Kënschtler Leonardo da Vinci
Joergang 1503-1506
Artistesche Stil Renaissance
Technik Ueleg
Längt 77 cm
Héicht 53 cm
Plaz Louvre
Stad Paräis
Land Frankräich


D'Mona Lisa (it. a sp.: La Gioconda; fr.: La Joconde) ass en Uelegtableau vum Leonardo da Vinci, op dënnem Pëppelholz. D'Bild ass 76,8 x 53 cm grouss (ursprénglech war et méi breet; déi lénks a riets gemoolt Saile goufen ofgeschnidden) a gouf warscheinlech vum Fréijoer 1503 bis zum Summer 1505 gemoolt. Et hänkt haut am Louvre zu Paräis.

D'Mona Lisa ass de Portrait vun enger jonker Fra mat geheimnisvollem Schmunzen, mat am Hannergrond enger wäiter an niwweleger Landschaft mat Bierger. De Flou am Bild ass charakteristesch fir d'Moltechnik vum Sfumato.

Identitéit vum Model änneren

D'Identitéit vum Model steet net mat Sécherheet fest. Allgemeng gëtt sech um Leonardo säin éischte Biograph, den Giorgio Vasari beruff, dee festgehalen huet datt de Leonardo iergendwann no sengem Retour op Florenz am Joer 1500 vum räiche Seidenhändler Francesco del Giocondo den Optrag krut, e Portrait vu senger jonker drëtter Fra, der Lisa del Giocondo, ze molen. De Vasari mengt weider, datt de Leonardo dem Francesco del Giocondo d'Bild ni gi mä et bei sech behalen huet, well et souguer no véier Joer ëmmer nach net fäerdeg war.

Eng ganz Rei Historiker zweiwelt awer un dëser Duerstellung vum Vasari an hëlt un, datt de Leonardo säi wuel bekanntst Bild eréischt an de Joren 1510 bis 1515 gemoolt huet, wou e schonn zu Mailand war. An déi jonk Fra wier d'Favoritin vum Giuliano I. de Medici, eng gewësse Pacificia Brandano.

Nach eng aner Theorie baséiert sech op d'Ähnlechkeet tëscht der Mona Lisa an engem Selbstportrait vum Leonardo fir ze behaapten, datt de Leonardo einfach sech selwer a Fraekleeder gemoolt hätt. Mä et ass wuel éischter sou, datt de Leonardo fir vill vu senge Biller bal d'selwecht Proportioune benotzt huet.

Weider Geschicht vum Bild änneren

Um Spaweck änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mona Lisa – Biller, Videoen oder Audiodateien