En Omnibus ass eng grouss Kutsch, déi fir kollektiven Persounentransport benotzt gëtt. Déi éischt fir déi Zäit modern Omnibusse koume géint 1830 op d'Strooss. Duerno ass hir Entwécklung séier weidergaangen, an am Contraire zu den anere Kutschentyppen, wéi Berline, Coupé, a Landauer, déi zu de sougenannte privaten Town-coaches gehéieren, hunn d'Omnibusse sech séier der Moud, an de Moderniséierungen ugepasst.

En Omnibus, bei deem d'Passagéier vun hannen an d'Këscht geklomme sinn. D'Këscht ass iwwer sougenannte Cross-springs mat den Enner vun den Drockfiedere verbonnen.

An e puer Joer haten d'Omnibussen an de grousse Stied sou e groussen Essor, datt de W.B. Adams, den Erfinder vum Equirotal-Gelenkomnibus, dem éischten Omnibus mat Rieder déi all dee selwechten Duerchmiesser haten, geschriwwen huet, datt 1837 d'Stroosse vu London mat Omnibussen iwwerfëllt waren.

Um Spaweck änneren

Commons: Vu Päerd gezunne Bussen – Biller, Videoen oder Audiodateien


  Kutschemodeller  

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker