Den Otto II., gebuer 955, a gestuerwen de 7. Dezember 983, genannt de Rouden (der Rote), war Keeser vum Hellege Réimesche Räich vun 973 bis zu sengem Doud am Joer 983. Hie koum aus der Famill vun den Ottonen a war dee jéngsten an eenzegen iwwerliewende Jong vum Otto dem Groussen an der Adelheid vun Italien.

Otto II.
Gebuer 955 jul.
Gestuerwen 7. Dezember 983
Roum
Doudesursaach Malaria
Aktivitéit Keeser, Schrëftsteller
Famill
Papp Otto I.
Mamm Adelheid
Geschwëster Liutgard, Ludolf, Wilhelm

961 huet säi Papp en zum Ko-Herrscher vun Däitschland an 967 zum Ko-Keeser gemaach, fir seng Trounfolleg ofzesécheren. Säi Papp huet och dem Otto II. seng Hochzäit mat der Byzantinescher Prinzessin Theophanu arrangéiert, déi bis zu hirem Doud seng Fra blouf. Wéi hien 18 Joer hat, ass no 37-järeger Herrschaft säi Papp gestuerwen, an hie gouf den absolutten Herrscher vum Hellege Réimesche Räich.

Den Otto II. huet seng Herrschaft domat verbruecht, sengem Papp seng Politik vun der Stäerkung vum Keesertum an Däitschland virunzeféieren an d'Grenze vum Räich an Italie weider no Süden auszebreeden. Hien huet och grad wéi säi Papp dru geschafft, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch ënner d'keeserlech Kontroll ze bréngen.

Direkt um Ufank vu senger Herrschaft, 977-978, huet den Otto II. am sougenannte "Krich vun den Dräi Haryen" eng Revolt géint hie vu Säite vun aneren ottonesche Familljememberen ermëlzt, déi et op säin Troun ofgesinn haten. Doduerch konnt en déi bayresch Linn vun den Ottone vun der Nofolleg um Keesertroun ausschléissen a sengem eegene Jong de Wee dohi fräi maachen.

Vun 980 un huet hie probéiert, ganz Italien a säi Räich z'integréieren. Seng Eruewerungen hunn en awer a Konflikt mam Byzantinesche Räich a mat de Mosleme vum Kalifat Fatimid bruecht, déi allebéid Territoiren a Süditalien haten. 982 koum et zu der Schluecht vu Stilto, bei där den Otto II. eng batter Néierlag huet missen astiechen, sou dass e seng Uspréch op Süditalien vergiesse konnt. 983 koum et och nach zu der Revolt vun de Slawen, sou dass en d'Territoiren ëstlech vun der Elbe huet missen ofginn.

Den Otto II. ass 983 stënterlech, mat just 28 Joer an no 10 Joer Herrschaft, gestuerwen. Säin 3 Joer ale Bouf, den Otto III., gouf säin Nofollger, wat d'Räich an eng politesch Kris gestierzt huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Otto II. (HRR) – Biller, Videoen oder Audiodateien