Allgemeng ass eng Zäsur e (gedanklechen) Aschnëtt. Zäsure sinn zum Beispill an der réimescher, griichescher a germanescher Dichtung, Aschnëtter, déi no bestëmmte Quantitéiten am Vers erfollegen. Eng Zäsur markéiert eng minimal Paus beim Liesen, wéi zum Beispill am Hexameter. En Hexameter setzt sech aus Daktylus a Spondeen zesummen. En Daktylus besteet aus enger laanger an zwou kuerzen Eenheeten. Beim Gebrauch vun Zäsure gëtt eng laang Eenheet als eent gezielt, an zwou kuerz Eenheeten och. Et gëtt follgend Zäsuren:

  • Trithemimeres (no dräi Eenheeten)
  • Penthemimeres (no fënnef Eenheeten)
  • Hephthemimeres (no siwen Eenheeten).

De Begrëff Zäsur existéiert och an der Literatur, besonnesch der Lyrik, an der Architektur an an der Musek. Bei der Musek handelt et sech ëm e kuerze senkrechte Stréch an der Nouteschrëft, deen de Sänger oder de Spiller vu Blosinstrumenter uweist, wéini si otme sollen. An dësem Sënn gëtt dës Notatioun och bei aneren Instrumenter benotzt, fir eng gedanklech Paus am Stéck unzeweisen.

Beispill änneren

Alexandriner aus Es ist alles eitel. (1637) vum Andreas Gryphius (Extrait):

Du siehst, wohin du siehst, | nur eitelkeit auf erden.
Was dieser heute baut, | reißt jener morgen ein,
Wo ietzund städte stehn, | wird eine wiese seyn,
Auf der ein schäfers kind | wird spielen mit den herden.

Zäsur an der Geschichtsfuerschung änneren

D'Zäsur an der Geschichtsfuerschung beschreift e markanten Aschnëtt, also eng Grenz tëscht zwou Epochen. Sou Zäsure sinn zum Beispill den Ënnergang vum Réimesche Räich, d'Entdeckung vun Amerika oder d'Franséisch Revolutioun.