Zeréck ass e mëttellaange Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Frédéric Zeimet, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. Et ass eng Rom-Com. De Film ass den 30. November 2022 zu Lëtzebuerg an d'Kinoe komm.

Zeréck
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2022
Dauer 49
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Frédéric Zeimet
Dréibuch Frédéric Zeimet
Fotografie Lyn Rae Lee
Musek Daniel Balthasar
Schnëtt Loïc Tanson
Produzent Six Letters
Schauspiller
Dorothée Neff als Camille
Konstantin Rommelfangen als Thomas
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Aus ganz verschiddene Grënn mussen d'Camille an den Thomas no enger Hochzäit zeréck an hiren Hotel. Well et scho spéit ass decidéieren se, de Wee duerch eng eidel Stad zesummen ze trëppelen, och wa se sech net terribel sympatesch sinn. Et stellt sech eraus datt se sech scho vu méi laang hier kennen...

Soss änneren

Zeréck gouf vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt. De Film gouf bannent dräi Deeg am Wanter 2020/21, an der Zäit vum zweete Confinement vun der COVID-Pandemie an Stad Lëtzebuerg gedréint.[1],[2] D'Protagonisten trëppele vun Neimënster am Gronn, duech d'Alstad iwwer d'Rout Bréck bis op d'Place de l'Europe um Kierchbierg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Joël Seiller: "'Zeréck' vum Frédérique [sic] Zeimet." rtl.lu, 02.12.2022.
  2. Daniel Conrad: " 'Zeréck' ins Kino mit euch." wort.lu [w+], 02.12.2022.