De Pierre Tchernia, gebuer den 29. Januar 1928 zu Paräis als Pierre Tcherniakowski, an och do den 8. Oktober 2016 gestuerwen[1], war e franséischen Dréibuchauteur, Regisseur, Filmproduzent, Moderateur, Animateur a Schauspiller.

Pierre Tchernia
Gebuertsnumm Pierre Tscherniakowsky
Gebuer 29. Januar 1928
13. Arrondissement
Gestuerwen 8. Oktober 2016
18. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut des hautes études cinématographiques
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Journalist, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Animateur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur

Hie war iwwer en halleft Joerhonnert op der franséischer Televisioun aktiv, vun den éischten Noriichtesendungen 1949, wouvunner hien ee vun den éischte Speaker war, iwwer Diskussiouns-, Quiz- a Museksemissiounen, déi e moderéiert huet, bis hin zu där iwwer Kino (hien hat de Spëtznumm Monsieur Cinéma) an zulescht Nostalgie-Sendungen, wou populär (Televisiouns-)Evenementer vun de vergaangene Joerzéngten Revue passéiert goufen.

Als Frënd vum René Goscinny a vum Albert Uderzo huet hien d'Dréibicher vu véier Astérix-Filmer geschriwwen, a gouf vun hinnen an deem engen oder anere Comic karikéiert.

Hien huet och Dréibicher fir e puer Spillfilmer geschriwwen, bei e puer (dorënner Le Viager a Les Gaspards) och d'Regie gefouert, an hat déi eng oder aner méi kleng Roll a Kinos- oder Tëleesfilmer.

De 14. Juli 2011 gouf hien zum Commandeur de la Légion d'honneur ernannt.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Pierre Tchernia est mort," op lemonde.fr