Yonas Kinde

Ethiopesche Laangstreckeleefer

De Yonas Kinde[1], gebuer de 7. Mee 1980, ass e Liichtathleet aus Ethiopien, deen zu Lëtzebuerg wunnt an trainéiert.

Yonas Kinde
Gebuer 7. Mee 1980
Ethiopien
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Laangstreckeleefer, Marathonleefer
Gréisst 172 Zentimeter
Gewiicht 57 kg
Kompetitiounsklass Marathon

Hie gouf vum IOC ausgewielt fir bei den Olympesche Summerspiller 2016 zu Rio de Janeiro an der Olympia-Flüchtlingsekipp matzemaachen[2]. Do gouf hien am Marathon mat enger Zäit vun 2:24:08 den 90.

Liewen änneren

De Yonas, deen ursprénglech aus Ethiopien staamt, huet säi Land wéinst politesche Problemer verloosse missen. Hie lieft zanter 2012 zu Lëtzebuerg a steet zanter 2013 ënner internationalem Schutz[3].

Sportlech Karriär änneren

De Yonas gëtt vum Yves Göldi trainéiert. Wéinst sengem Flüchtlingsstatut konnt hien awer net bei internationale Concourse matmaachen, obwuel hie séier genuch war fir sech kënnen ze qualifizéieren.

Den 3. Juli 2016 huet den IOC ugekënnegt, datt de Yonas ee vun zéng Athleete wier, deen erausgesicht gouf fir an der Olympia-Flüchtlingsekipp bei de Summerspiller zu Rio matmaachen ze kënnen, an dat beim Männer-Marathon[3].

Palmarès änneren

Beschtzäiten[4] änneren

Discipline Zäit Plaz Uertschaft Datum
1500 m 03.56,56 1. Kierchbierg 18.02.2014
3000 m 08.38,10 6. Kierchbierg 30.01.2016
5000 m 14.32,69 5. Schëffleng 04.08.2013
8 km 23:05 5. Tréier 31.12.2013
10 km 30:01 1. Laser 09.11.2013
Hallefmarathon 01:03:22 3. Réimech 28.09.2014
Marathon 02:17:31 29. Frankfurt 25.10.2015

Aner Resultater (Auswiel)[5],[6] änneren

Course Distanz Zäit Plaz Uertschaft Datum
Postlaf 2013 10,0 00:30:33 1. Gaasperech 10.03.2013
Postlaf 2014 10,0 00:30:54 1. Gaasperech
Postlaf 2015 10,0 00:31:08 1. Gaasperech 08.03.2015
Postlaf 2016 10,0 00:30:16 2. Gaasperech
Postlaf 2017 10,0 00:31:23 2. Gaasperech 12.03.2017
Postlaf 2018 10,0 00:30:36 3. Gaasperech 11.03.2018
Postlaf 2019 10,0 00:31:41 1. Gaasperech 17.03.2019
Postlaf 2023 10,0 00:32:13 1. Gaasperech 12.03.2023
Vollekslaf 2014 14,2 00:39:27 1. Walfer
Vollekslaf 2015 14,2 00:39:06 1. Walfer
Vollekslaf 2016 14,2 00:38:54 1. Walfer
Vollekslaf 2017 14,2 00:45:00 1. Walfer

Um Spaweck änneren

Commons: Yonas Kinde – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Kinde ass an dësem Fall éischter e Patronym wéi e Familljennumm. Dësen Artikel handelt deemno vun der Persoun mam Virnumm Yonas, an net vun enger Persoun mam Familljennumm Kinde.
  2. Ethiopian refugee, Yonas Kinde, selected for Refugee Olympic Team for Olympic Games Rio 2016 (en) op iocnewsroom.com, fir d'lescht gekuckt den 18. Mäerz 2019
  3. 3,0 3,1 Refugee Olympic Team, International Olympic Committee, fir d'lescht gekuckt den 18. Mäerz 2019
  4. Yonas Kinde - Athleete Profil op iaaf.org, fir d'lescht gekuckt den 18. Mäerz 2019
  5. Resultate op postlaf.rtl.lu, fir d'lescht gekuckt den 18. Mäerz 2019
  6. Resultate op walfy.lu, fir d'lescht gekuckt den 18. Mäerz 2019