De Yerkes ass en Aschlagkrater no beim westleche Rand vum Mare Crisium um Äerdmound. Hie läit westlech vum Krater Picard a südlech vum Krater Peirce. Am Südoste sinn d'Kratere Greaves a Lick um Marerand.

Moundkrater Yerkes
De Moundkrater Yerkes a seng Ëmgéigend (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 14,57° N
Längt 51,7° O
Duerchmiesser 35,66 km
Déift ?
Selenographesch Längt 310° bei Sonnenopgank
Genannt nom Charles Tyson Yerkes
(1837–1905)
Genannt am Joer 1935

A fréierer Zäit gouf de Krater banne bal ganz vu Lava iwwerschwemmt, sou datt nëmmen nach e flaache Rescht vum fréiere Kraterrand iwwer d'Mare erauskuckt. De Rand ass a senge westlechen an südlechen Deeler am breetsten, wärend de Rand am Oste bal net ze gesinn ass an nëmmen nach e schwaache Bou op der Mounduewerfläch drop hiweist. De Kraterbuedem ënnerscheet sech a senger Albedo net vum nogeleeëne Moundmier, sou datt sech d'Formatioun kaum vun der Ëmgéigend ofhieft. Vum Nordrand leeft en niddrege Biergzuch an nord-nordwestlecher Richtung bei de Satellittekrater 'Yerkes E'.

Niewekrater änneren

Yerkes Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
E 15.88° N 50.64° O 9.91 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren