D'Mare Crisium (Lat. "Gefore-Mier") ass e Moundmier am Crisium-Bassin, nordëstlech vum Mare Tranquillitatis.

D'Mare Crisium

D'Mier läit op de selenographesche Koordinate 17° 00' N; 59° 06' E an huet e mëttleren Duerchmiesser vu 418 km.

Am Mare Crisium läit déi sowjetesche Sond Luna 15, déi den 21. Juli 1969 haart um Mound opgeschloe war. D'Luna 24, déi lescht Sond vum Luna-Programm, déi den 18. August 1976 am Mare Crisium gelant war, huet 170 g Moundgestengs op d'Äerd zeréckbruecht hat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren