De Xavier Kurt Naidoo, gebuer den 2. Oktober 1971 zu Mannheim, ass een däitsche Soul- an R&B-Sänger.

Xavier Naidoo
Gebuer 2. Oktober 1971
Mannheim
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Liddermécher, Vokalist, Schauspiller, Rapper, Museksproduzent

Hien ass als Solokënschtler mee och als Member vun de Söhne Mannheims ee vun den erfollegräichsten däitsche Kënschtler am 21. Joerhonnert a gouf mat bal all wichtegem däitsche Musekspräis ausgezeechent (1 Live Krone, Bravo Otto, ECHO, Comet, Goldene Kamera, Goldene Stimmgabel, MTV Europe Music Award, etc).

De Xavier Naidoo huet vill Kontroversen ausgeléist, ënner anerem mat senge Liddertexter, politeschen Aussoen an dem Verbreede vun Verschwierungstheorien.

Karriär änneren

1998 huet de Xavier Naidoo säin Debutalbum Nicht von dieser Welt verëffentlecht, dee sech iwwer eng Millioun Mol verkaaft huet. Am selwechte Joer krut en de Musekspräis Echo als "Beschten nationale Kënschtler" an den MTV Europe Music Award als "Best German Act". Nieft de Singleauskopplung mam selwechten Titel wéi den Album hat hien och e grousse Succès mam Lidd Sie sieht mich nicht, fir dat de Jean-Jacques Goldman d'Musek geschriwwen huet an dat d'Titellidd vun der däitscher Fassung vum Kinosfilm Astérix et Obélix contre César war.

Säin zweete Soloalbum Zwischenspiel – Alles für den Herrn (2002) stoung an Däitschland an an Éisträich op der éischter Plaz vun den Charts a gouf méifach präisgekréint. D'Single Ich kenne nichts (das so schön ist wie du) aus dem Album The World According to RZA mam US-amerikanesche Rapper RZA stoung 2003 un der Spëtzt vun den Charts.

Och mat Telegramm für X (2005), sengem drëtten Album, ass d'Erfollegswell weider gaangen. E gouf véier Mol mat Platin ausgezeechent an huet sech ronn 800.000 Mol verkaaft. Ënner anerem d'Hitsinglen Dieser Weg, Danke a Was wir alleine nicht schaffen goufen ausgekoppelt.

Um Album Alles kann besser werden (2009) huet de Xavier Naidoo fir d'éischte Kéier Verschwierungstheorien thematiséiert, iwwer d'Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA.

Donieft hat en zu där Zäit och nach grousse Succès mat senger Grupp Söhne Mannheims, déi mat de Studiosalbumen Zion (2000), Noiz (2004), Iz On (2009) a Barrikaden von Eden (2011), an de Livealbumen Power of the Sound (2005) an Wettsingen in Schwetzingen – MTV Unplugged (2008) an den Top 5 vun den däitschen Albumcharts stoungen.

2011 an 2012 souz hien an der Jury vun der TV-Castingshow The Voice of Germany. Tëscht 2014 an 2016 huet hien och déi éischt dräi Staffele vun der Sendung Sing meinen Song – Das Tauschkonzert moderéiert. 2012 huet en zesumme mam Rapper Kool Savas ënnert dem Numm "Xavas" fir Baden-Württemberg de Bundesvision Song Contest gewonnen. Dowéinst hu si och gemeinsam den Album Gespaltene Persönlichkeit (2012) produzéiert.

Zu deem Zäitpunkt huet dem Xavier Naidoo seng Beléiftheet lues ugefaangen zeréckzegoen. Hien ass méifach duerch kontrovers Aussoen opgefall, déi an de Medien ënner anerem als verschwierungstheoretesch, populistesch, rassistesch oder politesch riets beurteelt goufen. Schonn 1998 huet den Naidoo an engem Gespréich mam Journalist Dirk Laabs d'Legitimitéit vun der Bundestagswal bezweifelt. 2014 ass hie bei enger Veranstaltung vun der Räichsbiergerbeweegung opgetrueden.

2015 war ugekënnegt ginn, datt de Xavier Naidoo Däitschland beim Eurovision Song Contest 2015 vertriede sollt. Déi Entscheedung gouf an der Ëffentlechkeet wéinst dem Sänger senge politeschen Aussoen hefteg kritiséiert.[1],[2] Doropshi gouf déi Decisioun nees réckgängeg gemaach, wat dunn awer och erëm eng Protestwell ausgeléist huet.[3],[4]

Am Kontext vun der COVID-19-Pandemie huet de Xavier Naidoo d'Existenz vun der weltwäiter Pandemie bestridden[5] a géint d'Impfung opgeruff.[6]

De Xavier Naidoo huet mat Beats Around the Bush an naidoo records eege Plackelabele gegrënnt.

Discographie änneren

Studiosalbumen änneren

  • 1994: Seeing Is Believing (als Kobra
  • 1998: Nicht von dieser Welt
  • 2002: Zwischenspiel – Alles für den Herrn
  • 2005: Telegramm für X
  • 2009: Alles kann besser werden
  • 2012: Gespaltene Persönlichkeit (mam Kool Savas als Xavas)
  • 2013: Bei meiner Seele
  • 2016: Nicht von dieser Welt 2
  • 2017: Für dich.
  • 2019: Hin und weg

Bekannt Lidder (Auswiel) änneren

  • 1999: Sie sieht mich nicht
  • 2002: Wo willst du hin?
  • 2002: Bevor du gehst
  • 2002: Abschied nehmen
  • 2003: Ich kenne nichts (das so schön ist wie du)
  • 2005: Dieser Weg
  • 2006: Danke
  • 2006: Was wir alleine nicht schaffen
  • 2007: Das hat die Welt noch nicht gesehen (mat de Söhne Mannheims)
  • 2009: Alles kann besser werden
  • 2010: Bitte hör nicht auf zu träumen (live)
  • 2012: Schau nicht mehr zurück (mam Kool Savas als Xavas)
  • 2013: Bei meiner Seele
  • 2019: Ich danke allen Menschen

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Der Spiegel: "Haarsträubende Fehlentscheidung" (19. November 2015)
  2. Der Spiegel: NDR-Mitarbeiter protestierten gegen Naidoo-Nominierung (24. November 2015)
  3. Süddeutsche Zeitung: Lieberberg über Naidoo und den ESC: "Erschüttert über die Heuchelei" (29. November 2015)
  4. Die Welt: Til Schweiger nennt Kritik an Naidoo „Terrorismus“ (22. November 2015)
  5. t-online.de: Xavier Naidoo leugnet Coronavirus und will vor Gericht ziehen (24. Abrëll 2020)
  6. tagesspiegel.de: „Dieses Gift kommt niemals in unsere Körper rein“ (21. Mee 2021)