MTV Europe Music Awards

(Virugeleet vu(n) MTV Europe Music Award)

D'MTV Europe Music Awards, kuerz MTV EMA, sinn eng Museksauszeechnung, mat där den Televisiounssender MTV d'Sänger a Gruppe vum Joer éiert. Si sinn d'europäescht Géigestéck vun den US-amerikaneschen MTV Video Music Awards.

D'Auszeechnunge gëtt zënter 1994 all Joer am November wärend enger Präiszeremonie an engem Land an Europa verdeelt.

Trotz dem Numm ginn d'MTV EMAe staark vun amerikanesche Kënschtler dominéiert. Déi meescht Kënschtler, déi wärend der Zeremonie optriede sinn aus den USA, an och d'Moderatoren an d'Laudatore si sielen aus Europa. An den eenzele Kategorie kann zwar jiddwereen iwwer eng Websäit wielen, mee MTV setzt d'Nominatioune fest. Et gëtt regional Kategorien, mä déi ginn zäitgläich ausgestraalt. Esou gesinn zum Beispill d'Spectateuren a Polen nëmmen, wien an der Kategorie "Best Polish Act" gewonnen huet, an net wien an anere Kategorie wéi "Best Frencg Act" oder "Best Dutch Act" gewonnen huet.

D'Präisstatu ass eng sëlwreg Weltkugel mat enger Sprongfieder, déi d'Buschtawen MTV halen.

Linken änneren

Commons: MTV Europe Music Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien