Kool Savas

däitsche Rapper

De Kool Savas, gebuer als Savaş Yurderi den 10. Februar 1975 zu Oochen, ass en däitsche Rapper vu Berlin. Hien ass als Member vun de Formatiounen M.O.R. a Westberlin Maskulin bekannt ginn. All seng Soloalbumen a seng Kollaboratiounsprojete mat dem Azad, respektiv dem Xavier Naidoo, waren e kommerzielle Succès. De Kool Savas gëllt als ee vun den aflossräichsten däitsche Rapper an e wichtege Vertrieder vum Battle-Rap.

Kool Savas
De Kool Savas 2010
Gebuertsnumm Savaş Yurderi
Gebuer 10. Februar 1975
Oochen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Rapper, Sänger
De Kool Savas bei engem Concert

Discographie änneren

Studiosalbumen änneren

  • 2002: Der beste Tag meines Lebens
  • 2005: One (mam Azad)
  • 2006: Optik Takeover! (mam Optik Army)
  • 2007: Tot oder lebendig
  • 2011: Aura[1]
  • 2012: Gespaltene Persönlichkeit (mam Xavier Naidoo als Xavas)[1]
  • 2014: Märtyrer[1]
  • 2017: Royal Bunker (mam Sido)[1]
  • 2019: KKS[1]
  • 2021: Aghori[1]

Live-Albumen änneren

  • 2012: Aura Live

Um Spaweck änneren

Commons: Kool Savas – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Dësen Album stoung op der éischter Plaz vun den däitschen Albumcharts.