Xanthe Terra fir goldgielt Land; (gouf 1979 sou genannt) ass eng grouss Héichplateauregioun um Mars.

Héichplateau um Mars
Xanthe Terra
Xanthe Terra (lénks Säit vum Bild), nieft der Margaritifer Terra.
Koordinaten 3,0° N, 312,0° W
Dimensioun 2456 km
Regioun Xanthe Terra
Genannt nom
Divers -

Beschreiwung änneren

D'Gebitt erstreckt sech op béide Säite vum Equator, vun der Déifflandfläch Chryse Planitia am Norde bis zu de Mariner-Däller am Süden. Déi zwéi wäitst Punkte leien 2456 km vuneneen. Kartographesch ass d'Regioun deelweis am Südoste vum Lunae Palus-Gradsektor, am Südweste vum Oxia Palus-Gradsektor, am Nordoste vum Coprates-Gradsektor an am Nordweste vum Margaritifer Sinus-Gradsektor.

Biller vun de Raumsonde Mars Express, Mars Global Surveyor a Mars Reconnaissance Orbiter weise fréier Flossdäller an Deltaen. D'Deltae bestinn aus en ettlech dënne Schichten, déi am Opbau deenen op der Äerd gläichen.

 
5-km-Aschlagkrater mat Flossoflagerunge vun den Nanedi Valles.
 
Schiet vum Marsmound Phobos, nërdlech vun den Nanedi Valles.
 
Äerdrutsch am Weste vum Ganges Chasma.
 
Kartographesch Grenze vum Xanthe Terra an anere Regiounen

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren