D'Valles Marineris (laténg. fir Mariner-Däller) sinn e wäitleefegt Schluchtesystem um Mars, dat sech laanscht den Equator am Oste vun der vulkanescher Tharsis-Regioun erstreckt. Mat 4000 km Längt, bis zu 700 km Breet a bis zu 7000 m Déift sinn d'Valles Marineris ee vun de gréisste Schluchtbrochsystemer am Sonnesystem. Si gëtt nëmmen nach vum Schluchtsystem op der Äerd an (an der Längt) vum Baltis Vallis op der Venus iwwertraff.

Valles Marineris
Panoramafoto vun de 4000 km laange Mariner-Däller.
Numm Valles Marineris
Lat 10///S
Long 70///W
Duerchmiesser 4.000 km
Déift 7.000 m
Benannt no Sond Mariner 9

D'Valles Marineris kruten hiren Numm zu Éiere vun der Sond Mariner 9, op deenen hire Fotoe s'entdeckt goufen.

Beschreiwung änneren

 
Ofgelagert Biergstierz: Ophir Labes uewe lénks a Coprates Labes ënne riets. D'Bild huet eng Opléisung vun 100 m a weist e Bildausschnëtt no beim Iwwergank vu Melas Chasma zu Coprates Chasma.

De Gruefsystem erstreckt sech vu sengen Ausleefer Noctis Labyrinthus op der Tharsis-Ofwëlbung am Weste bis zu de "chaotesche Gebidder" vun Eos Chasma an Capri Chasma am Osten. D'Valles Marineris bestinn aus en ettleche matenee verbonnene Chasmata oder Schluchtbréch, vun deene jiddwereen de Grand Canyon (Arizona) ëm e Villfacht iwwertrëfft.

D'Valles Marineris fänken ëstlech vun Noctis Labyrinthus (7° 0′ S, 96° 0′ W7) un, wou si sech an zwou paralell verlaafend Chasmata ofbéien: dat nërdlecht, ronn 800 km an Ost-West-Richtung verlafend Tithonium Chasma (4° 36′ S, 84° 17′ W7) an dat südlecht, ronn 840 km an Ost-West-Richtung verlafend Ius Chasma (7° 17′ S, 84° 23′ W7). Ëstlech vu Ius Chasma schléisst sech dat ongeféier 560 km a südëstlecher Richtung verlafend Melas Chasma (10° 31′ S, 72° 32′ W7) un. Dëst geet an dat nërdlech geleegend, zirka 810 km a südëstlecher Richtung auslafend Candor Chasma (6° 32′ S, 70° 47′ W7) iwwer, an dëst nees an dat sech nërdlech uschléissend, ongeféier 315 km breet, hallefronn Ophir Chasma (4° 0′ S, 72° 21′ W7). Südëstlech vu Melas Chasma schléisst dat ronn 960 km a südëstlecher Richtung verlafend Coprates Chasma (13° 22′ S, 60° 44′ W7) un. Et geet an dat zirka 1306 km an nordëstlicher Richtung zéiend Eos Chasma (12° 9′ S, 39° 10′ W7) iwwer. Nërdlech dovun läit dat 574 km an Ost-West-Richtung d'Ganges Chasma (7° 58′ S, 47° 53′ W7) an ëstlech dovun dat 1470 km an nordëstlecher Richtung verlafend Capri Chasma (8° 16′ S, 42° 4′ W7).

Entwécklung änneren

Am Laf vun der Zäit gouf et vill verschidden Theorien iwwer d'Formatioune wéi d'Valles Marineris. Bis méi staark Teleskopen oder d'Viking-Sonden méi genee Observatioune méiglech gemaach hunn, gouf ë. a. e vun hypothetesche Marsbewunnern gebaute Kanäl fir d'Bewässerung vun hirem Planéit ugeholl. Déi Spekulatioun gouf duerch Entdeckungen, wéi Schiaparellis "Canali" (Marskanäl) oder aner Duerstellungen erweidert. Zudeem huet d'Bezeechnung "Canali" zur falscher Iwwersetzung Kanal (oder och engl. Channel oder Canal) verleet.

An den 1970er Jore goufen ë. a. staark Erosiounen duerch Waasser ugeholl, dat aus dem Permafrascht fräigesat gouf. Allerdéngs ass flëssegt Waasser um Mars extreem onwahrscheinlech, well d'Temperatur um Mars och um Equator ganz rar iwwer 0 °C klëmmt an de Mars eng ganz dënn Atmosphär huet (nëmmen 0,75 % vum Äerdatmosphärendrock). 1972 hat de McCauley d'Hypothees entwéckelt, datt d'Schluchtsystem duerch offalend Magma ënner d'Uewerfläch entstane kéint sinn. 1989 haten den Tanaka an den Golombek eng Theorie fir d'Genesis duerch opbriechend Verspanungen. Den Dr. Nick Hoffman hat am Joer 2000 an dono ugeholl, datt de Mars a senger Fréizäit net vu Waasser, mä vu Kuelestoffdioxid geformt gouf, woufir hien de Begrëff „White Mars“[1] ("Wäisse Mars") gebraucht huet. Zeghonnert weider Theorie goufe vu villen Astronomen registréiert.

Déi am weitsten akzeptéiert Hypothees am Ament (2005) ass, datt d'Schluchtesystem duerch Rëss an der Kuuscht entstoungen an duerch Erosioun an Abrëch staark vergréissert gouf. D'Ursaach dofir ass d'Entwécklung vun der Tharsis-Regioun.

Biergstierz hunn um Grond vum Valles Marineris Gestengs ofgelagert an hu de sou méi breet gemaach. Méiglech Ausléiser vun de Biergstierz si Biewen, verursaacht duerch tektonesch Aktivitéiten, oder Impakt-Evenementer. Observéiert gouf, datt dat dobäi ofgerutscht Gestengs duerch de Wand geformt gëtt a beispillsweis Dünefelder bilt.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Valles Marineris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. spacedaily.com, Dr Nick Hoffman: White Mars: The story of the Red Planet Without Water, 19. Oktober 2000, gekuckt de 27. Januar 2014
  2. Erdrutsch und Dünenfeld im Nordwesten von Ius Chasma