Willy Kemp
De Willy Kemp, gebuer den 28. Dezember 1925 zu Koplescht a gestuerwen den 19. Oktober 2021 zu Bartreng[1][2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Willy Kemp | |
---|---|
![]() De Willy Kemp (1952) | |
Gebuer |
28. Dezember 1925 Koplescht |
Gestuerwen |
18. Oktober 2021 Bartreng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
![]() |

Liewen a Carrière Änneren
Hien huet 1948 seng Carrière als professionelle Vëlossportler an der Ekipp Garin ugefaangen. 1949 gouf e Lëtzebuerger Champion bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss. 1948 ass hie fir d'éischt beim Tour de France matgefuer, an huet dat am Ganzen zéng Mol gemaach. 1950 gouf en 21. am Generalklassement, an 1955 gouf hien deen éischte bei der Etapp vun Namouer op Metz.[2]
No senger Cyclistëcarrière gouf de Willy Kemp Instrukter am Lycée Technique du Centre, huet an der Reservemannschaft vum CA Spora Foussball gespillt, a war an engem Sportdauchveräin.[2]
Palmarès Änneren
Als Junior Änneren
- 1946
- 2. Championnat vu Lëtzebuerg
Als Amateur Änneren
- 1947
- 1. Grand Prix François Faber
- 1. op der Studenteweltmeesschterschaft
- 2. am Grand Prix Général Patton
- 2. um Championnat du Monde universitaire de poursuite mat der Ekipp
- 3. um Championnat du Monde universitaire de poursuite am Eenzelfueren
- 12. op der Weltmeeschterschaft fir Amateuren e. a. mam Marcel Ernzer
- 27. am Grand Prix des Nations
Als Profi Änneren
- 1948
- 1949
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 4. a Liège-Bastogne-Liège
- 9. am Tour de Luxembourg
- 20. am Tour de Suisse
- 1950
- 4. Circuit du Limbourg
- 5. Tour de Luxembourg
- 10. op der Weltmeeschterschaft
- 11. am Grand Prix du Midi Libre
- 21. Tour de France
- 22. am Tour de Suisse
- 1951
- 2. Championnat vu Lëtzebuerg
- 5. Wien - Graz - Wien
- 5. am Tour de Luxembourg
- 18. am Tour de Suisse
- 55. am Tour de France
- 1952
- 1. an der 1. Etapp vun der Ronde van Nederland 1952
- 2. Championnat vu Lëtzebuerg
- 5. Tour de Luxembourg
- 13. an der Deutschland-Rundfahrt
- 1953
- 5. Championnat vu Lëtzebuerg
- 5. Championnat vu Lëtzebuerg (Cyclo-Cross)
- 16. am Tour de Luxembourg
- 28. am Tour de Suisse
- 66. am Tour de France
- 1954
- 5. Championnat vu Lëtzebuerg
- 5. Lëtzebuerg - Nancy
- 19. Tour de Luxembourg
- 30. Tour de France
- 1955
- 2. Championnat vu Lëtzebuerg
- 3. Tour de l'Oise
- 1. vun der 2. Etapp
- 7. am Tour de Luxembourg
- 28. am Tour de Suisse
- 60. Tour de France
- 1. vun der 4. Etapp vun Namur op Metz
- 1956
- 5. um Championnat vu Lëtzebuerg
- 4. um Championnat vu Lëtzebuerg (Cyclo-Cross)
- 14. am Tour de Luxembourg
- 1. vun der 3. Etapp
- 28. a Milano - Torino (225 km)
- 83. Tour de France
als Individuel Änneren
- 1957
- 3. Championnat vu Lëtzebuerg
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Referenzen Änneren
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2021
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Willy Kemp im Alter von 95 Jahren gestorben." wort.lu, 19.10.2021.