Wilhelm Diehl (Kreisleiter)
De Wilhelm Diehl, gebuer den 20. Dezember 1889 zu Ausweiler (deemools Krees St. Wendel, haut Landkrees Birkenfeld) a gestuerwen den 1. Dezember 1965 zu Tréier, war en däitsche Fonctionnaire, deen am Zweete Weltkrich Kreisleiter zu Lëtzebuerg war.[1]
Wilhelm Diehl | |
---|---|
Gebuer |
20. Dezember 1889 Ausweiler |
Gestuerwen |
1. Dezember 1965 Tréier |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | NSDAP |
De Wilhelm Diehl, dee fir Schoulmeeschter geléiert hat a spéider Oberregierungsrat a Schulrat gouf, ass schonn den 1. November 1932 an d'NSDAP agetrueden. Vum Mäerz 1933 bis an d'Joer 1945 war hie “Kreisamtsleiter für Erziehung bei der Kreisleitung Trier“. Vum November 1938 bis den August 1939 war hien op Aussig (Ústí nad Labem) geschéckt ginn, fir do d'Schoulwiesen am Sudetenland no nazi-däitschem Muster opzebauen. Vum 1. Abrëll 1940 bis zum 25. August 1940 war hie Mobilmachungs-Kreisleiter zu Bernkastel.
Ufanks September 1940 koum den Diehl op Lëtzebuerg, wou hie bis den 1. Mee 1942 „Referent des Volksschulwesens“ beim „Chef der Zivilverwaltung“ (CdZ), dem Gauleiter Gustav Simon, gouf. Donieft war hie vum 1. Oktober 1940 un M-Kreisleiter vum Krees Esch, mat Sëtz zu „Esch-Alzig“, bis hie sech Ufanks September 1944 no Däitschland aus dem Stëbs gemaach huet.
Vum 9. September 1944 bis de 16. Mäerz 1945 war hien dunn erëm M-Kreisleiter zu Bernkastel.
De 7. Mee 1945 ass hien den Amerikaner an d'Gräpp gefall a gouf u Lëtzebuerg ausgeliwwert. Do ass hien de 25. September 1946 ukomm a koum am Gronn an de Prisong. Hie koum virun d'Geriicht fir Krichsverbriecher. Et gouf him virgeworf wärend senger Amtszäit zu Lëtzebuerg, responsabel gewiescht ze si fir d'Ëmsiidlung vun 369 Familljen a fir eng Rei vu Verhaftungen, donieft hätt hien dofir gesuergt, datt vill lëtzebuergesch Fonctionnairen entlooss a vill Leit an d'KZ geheit gi wieren. Den 22. Juni 1950 ass am sougenannte „Kreisleiterprozess“ d'Uerteel gesprach ginn: den Diehl gouf zu 17 Joer Zwangsaarbecht condamnéiert.
An Däitschland gouf hien am Kader vun der Entnazifizéierungsprozedur duerch d'Uerteel vum 20. August 1952 als „Belasteter” agestuuft. Duerch den Arrêt vun der “Rechtsmittelabteilung“ vun der “Spruchkammer“ vum 26. September 1952 ass déi géint hien an d'Wee geleete Prozedur agestallt ginn.
Literatur
änneren- Depotter, J., 2024. E Bléck duerch d'Lëns: „[...] das Luxemburger Volk soll sich zu seinem Vaterland bekennen, das Deutschland heißt“. Wilhelm Diehl (1889-1965), ehemaliger Kreisleiter von Esch/Alzette. Tageblatt 27.09.2024, Nr, 227, S. 19.
- Dorfey, B., 2003. „Goldfasane“ oder Hoheitsträger der Kreise? Die Kreisleiter im Gau Koblenz-Trier. In: Jahrbuch für westdeutsche Landesgeschichte, 29, S. 297-424.
- Maier, F., 2007. Biographisches Organisationshandbuch der NSDAP und ihrer Gliederungen im Gebiet des heutigen Landes Rheinland-Pfalz. Mainz [u.a.], Verlag v. Hase & Koehler, 587 S. (Veröffentlichungen der Kommission des Landtages für die Geschichte des Landes Rheinland-Pfalz, 28).
- Massard, J.A., 2018. Esch: Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Rathaus wehte (III). Der Kreis, der Kreisleiter, die Landräte. Tageblatt, 10. Dezember 2018, Nr. 287, S. 4-5.
- Massard, J.A., 2018. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018).
- RPPD, 2018. Diehl, Wilhelm, 1889-1965. Rheinland-Pfälzische Personendatenbank, zuletzt bearbeitet: 30.06.2009.
Um Spaweck
änneren- Wilhelm Diehl (de) um Site 50faces.lu vum Musée National d´Histoire Militaire, Diekirch, Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Esch/Alzette, Fondation Zentrum fir politesch Bildung, Luxemburg
Referenzen
änneren- ↑ Massard 2018a, Massard 2018b; Dorfey 2003, S. 388-389; Maier 2007, S. 182; RPPD 2018.