Zentrum fir politesch Bildung
Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ass eng lëtzebuergesch Stëftung, där hir Aufgab an der Bildung iwwer d'Demokratie läit.
Zentrum fir politesch Bildung | |
---|---|
Typ | Stëftung |
Grënnungsdatum | 2016 |
Sëtz |
138, Boulevard de la Pétrusse L-2330 Luxembourg Lëtzebuerg |
Leedung | Marc Schoentgen (Direkter) |
Homepage | www.zpb.lu |
Geschicht änneren
Den ZBP gouf de 15. September 2016 ënnert der Regierung Bettel-Schneider gegrënnt. E war fir d'éischt um eduPôle zu Walfer lokaliséiert,[1] éier en an d'Stad geplënnert ass.
Den Zentrum gëtt vum Staat finanzéiert, mee ass politesch onofhängeg.[2]
Direkter ass zënter dem Ufank de Marc Schoentgen.
Aufgaben änneren
D'Zil vum Zentrum fir politesch Bildung ass et, den Engagement als Bierger ze fërderen, andeems en zu engem bessere Verstoe vun der Politik an der Demokratie a vun den aktuelle gesellschaftlechen Erausfuerderunge bäidréit. Den Zentrum wëll besonnesch jonk Leit encouragéieren, um politesche Liewen an um ëffentlechen Discours deelzehuelen. Dofir preparéiert den ZpB pedagogescht Material an organiséiert Formatiounen zu aktuelle politeschen Theemen, Debatten a Konferenzen. E verëffentlecht och Publikatiounen a setzt Projeten a Concoursen ëm.
Referenzen änneren
- ↑ tageblatt.lu: "Zentrum fir politesch Bildung": symbolischer Spatenstich (13. Oktober 2016)
- ↑ wort.lu: Regierung stellt "Zentrum für politische Bildung" vor (14, Oktober 2016)