Konflikter sollen op kee Fall an engem Edit-War ausgedroe ginn, wou ee User deem anere seng Ännerungen an engem Artikel dauernd nees läscht an ëmgedréint. Jiddereen ass ugehalen, roueg a besonnen ze reagéieren, an all potentiell Meenungsverschiddenheet kloer a sachlech op der Diskussiounssäit vum betraffenen Artikel oder um Stamminet zur Sprooch ze bréngen. Bäi ganz gravë Problemer kënnen e puer Administratore sech och zu engem Vermëttlungsausschoss forméieren a sech an der Mediatioun versichen.