D'Stad Wesseling grenzt um lénksen Uwänner vum Rhäin südlech un de Kölner Staddeel Godorf. Weider Nopeschstied si Brühl am Westen a Bornheim am Südwesten. D'Stad ass ënnerdeelt an d'Staddeeler Wesseling-Mitte, Keldenich, Berzdorf an Urfeld souwéi d'Gewerbezonen Rheinbogen an Eichholz.

Wesseling
Land Däitschland
Bundesland Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk Köln
Krees Rhein-Erft-Krees
Awunner 38.355 (31. Dezember 2023)
Fläch 23,37 km²
Héicht 42,5 - 62,7 m
Koordinaten 50°49'15"N, 6°58'43"O
Telefonszon 02236
Postcode 50389
Websäit https://www.wesseling.de/
Jumelage mat Pontivy, West Devon, Leuna
Wesseling, aalt Stadhaus

Den 1. Januar 1975 gouf Wesseling duerch de § 1 Abs. 1 vum Köln-Gesetz en Deel vun der Stad Köln, mä no enger erfollegräicher Klo den 1. Juli 1976 krut et seng Selbstännegkeet erëm.

Um Terrain vun der Stad leie vill grouss Betriber vun der cheemescher Industrie, wéi zum Beispill d'Degussa an d'Basell (fréier emol Rheinische Olefinwerke an Elenac) souwéi eng Raffinerie vun der Shell (fréier DEA und Union Kraftstoff Wesseling). D'Raffinerie ass iwwer eng Pipeline mat Wilhelmshaven a Rotterdam verbonnen, wou se hire Pëtrol hierkritt.

Wesseling, Neit Staathaus

Wesseling ass iwwer d'Autobunne 555 (Bonn–Köln) a 553 z'erreechen. Déi mécht d'Verbindung mat den Autobunnen 61 an 1. Mat der Stadtbahn, fréier Köln-Bonner Eisenbahn, kann ee Wesseling vun den Haaptgare vu Köln a Bonn a 35 respektiv 18 Minutten erreechen.

D'Stad bitt e grousse Kulturprogramm a konnt 2004 dem Phönix-Theater eng éischt Kéier eege Raimlechkeeten an der neier Hal RheinForum ubidden. Eng Traditioun ass den Jazz-Festival 'Live im Lessing'. Ausserdeem bitt d'Stad mat hirem grousse Schoulzentrum de Schoulflichtegen an Auszebildenden all Aart vu Schoulbildung un. Zum Schoulzentrum gehéieren e Gymnasium, Real-, Haapt-, Grond- a Beruffsschoul souwéi eng grouss Sportsanlag mat enger Sportsplaz am Fräien an e puer Turnhalen.

Baussent dem Uertsdeel Urfeld bedreift d'Konrad-Adenauer-Stëftung um Schloss Eichholz e Bildungszentrum.

Wesseling, Rhäinufer

Um Spaweck

änneren
Commons: Wesseling – Biller, Videoen oder Audiodateien