De Walter Ferreri, gebuer am Joer 1948 zu Buddusò, ass en italieeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.

Walter Ferreri
Gebuer 1948
Turin
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

Hie schafft am Astrophyseschen Observatoire vun Turin an ass Member an den Departementer "Division III Commission 20 Positions & Motions of Minor Planets, Comets & Satellites" an "Division III Planetary Systems Sciences" vun der I.A.U.. Hien ass ënner anerem den Entdecker vun den Asteroiden Silvanominuto an 1984 HE1.

Wéinst senge Verdéngschter ëm d'Astronomie gouf den Asteroid Ferreri no him genannt.[1]

Entdeckt Asteroiden: 15
(3625) Fracastoro 27. Abrëll 1984
(3778) Regge 26. Abrëll 1984
(4061) Martelli 19. Mäerz 1988
(4398) Chiara 23. Abrëll 1984
(4478) Blanco 23. Abrëll 1984 [1]
(4821) Bianucci 5. Mäerz 1986
(5003) Silvanominuto 15. Mäerz 1988
5022 Roccapalumba 23. Abrëll 1984 [1]
(6114) Dalla-Degregori 28. Abrëll 1984 [1]
(6289) Lanusei 28. Abrëll 1984 [1]
(7396) Brusin 4. Mäerz 1986
(10738) Marcoaldo 17. Mäerz 1988
(19968) Palazzolascaris 19. Mäerz 1988
(21007) 1988 FD 19. Mäerz 1988
(52267) Rotarytorino 4. Mäerz 1986

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Lutz D. Schmadel: Dictionary of minor planet names. International Astronomical Union