Meter iwwer Mier ass d'Bezeechnug vun den Héichten iwwer dem Mieresspigel an der Schwäiz an a Liechtenstein.[1]

Déi amtlech Héichten an der Schwäiz baséieren op engem Landesnivellement vun 1902, LN02 genannt.

Den Ausgangspunkt vum Schwäizer Héichtennetz ass eng vun den zwou Pierres du Niton am Genferséi, an där hir Héicht läit op 373,60 Meter. Offiziell heescht de Steen Repère Pierre de Niton, afgekierzt RPN.

Well d'Héicht vum Steen 1845 net ganz genee bestëmmt gi war, an op 376,86 festgluecht gi war, fënnt en haut Ënnerscheder op ale Kaarte vun 3,26 Meter, vis-à-vis vun den offiziellen Héichte vun haut, wéi z. B. op der Siegfriedkaart an der Dufourkaart déi vu virun 1902 sinn.[2],[3]

Déi Schwäizer Héichten hunn op der Grenz mat Éisträich en Ënnerscheed vu 6 bis 7,5 cm vis-à-vis vun den éisträichesche Wäerter déi sech op den Niveau vun der Adria baséieren.[4]

Fir besser Donnéeën ze hunn, am Fall wou et op héich Prezisioun ukënnt, gouf mat dem Landeshéichtennetz vun 1995 (LHN95), en Héichtebezuch zu den orthometreschen Héichte geschaf. D'Héicht vum neie Referenzpunkt Zimmerwald huet et erlaabt datt de Repère am Genferséi seng Héicht behale konnt. Soss differéieren d'Héichte vum LHN95 a vun LN02 bis zu 50 cm.[5]

Op eng Ëmstellung vun den amtlechen Héichten, gouf aus praktesche Grënn verzicht.[6]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2011-07-17. Gekuckt de(n) 2008-08-06.
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2011-04-05. Gekuckt de(n) 2008-08-06.
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2008-09-26. Gekuckt de(n) 2008-08-06.
  4. Kaart mat Héichtendifferenze vum Bundesamt für Eich- und Vermessungswesen
  5. Archive copy Gearchiveerd op 2008-06-03. Gekuckt de(n) 2008-08-06.
  6. Archive copy Gearchiveerd op 2007-03-07. Gekuckt de(n) 2007-03-07.