De WR 124 (och QR Sge genannt)[1] ass e Risestär am Stärebild Sagitta an ee vun de rareste Wolf-Rayet-Stäre mat enger Uewerflächentemperatur vu 50.000 Kelvin. De Stär ass 15.000 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng visuell Magnitude vun 11,8 mag.[2] Den extreeme Stärewand, dee vun him ausgeet, dreift zanter ronn 10.000 Joer säi Mantel mat héijer Vitess vun him ewech a formt sou e beandrockende Planetareschen Niwwel mat der Bezeechnung M1-67.

Wolf-Rayet-Stär WR-124 mat planetareschem Niwwel M1-67 (Foto opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop)

Den Objet gouf vum Astronom Paul Willard Merrill am Joer 1938 entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe 2000)[3]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2007-06-14. Gekuckt de(n) 2013-07-02.
  2. http://zimmer.csufresno.edu/~fringwal/comp2.3lis
  3. http://cdsweb.u-strasbg.fr/cgi-bin/bibobj?2001A%26A...370..513G&WR+124

Um Spaweck änneren