WIND
D'WIND ass eng amerikanesch Raumsond. Hire Start war am Joer 1994.
WIND | |
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Mass | 1250 kg |
Start | 1. November 1994, 09:31 UTC |
Startplaz | Cape Canaveral LC-17B |
Drorakéit | Delta-II 7925-10 D227 |
Status |
Missioun
ännerenDéi 1.250 kg schwéier Sond WIND gouf vun den USA zesumme mat der ESA, Russland, Tschechien a Japan am Kader vum „International Solar Terrestrial Physics“ (ISTP-) Projet gestart. Zu deem Projet hunn och d'Sond SOHO an e puer Satellitte gehéiert. D'Zil vun der Sond WIND war d'Erfuerschung vum Sonnewand beim Kontakt mat der Schockfront vun der Äerd.
Verlaf
änneren- D'Sond war den 1. November 1994 op enger Delta-II-Drorakéit gestart.
- De WIND war ufanks an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd mat engem Apogäum vun 1,5 Millioune km.
- Am November 1996 hat d'Sond en Orbit ëm de Lagrange-Punkt L 1 erreecht
- Am Mäerz 1998 hat de WIND d'Positioun verlooss a war an eng Ëmlafbunn ëm d'Äerd no bei der Äerdschwéierefeldgrenz, als Bléieblad-Orbit bezeechent, ageschwenkt a gouf domat en Äerdsatellit.
- D'Sond ass weiderhin aktiv.
- Den 3. Juni 2013 hat d'Sond mat sengem Transient Gamma-Ray Spectrometer de Gammastraleblëtz GRB 130603B gemooss.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) NASA: Wind Spacecraft
- (en) Andere Webseite der NASA: The Wind Spacecraft
- (en) University of Washington: The WIND Spacecraft Experiment