WASP-4
Stärebild: Phoenix (Phe)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 23h 34m 15,06s
Deklinatioun - 42° 03' 41,1"
Visuell Magnitude 12,6 mag
Spektralklass: G7V
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Distanz 850 Lj.
Liichtkraaft 12,6 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0.9 (± 0.07) M☉
Radius: 1.15 (± 0.28) R☉
Uewerflächentemperatur 5500 (± 150) K
Aner Bezeechnungen
1SWASP J233415.06-420341.1
USNO USNO-B1.0 0479-00948995

De WASP-4 ass e Stär a läit ronn 260,5 Parsec (zirka 850 Liichtjoer) vun eis ewech am Stärebild Phoenix. Ronderëm hie kreest en Exoplanéit. De Stär WASP-4 ass e Spektraltyp G7V an huet eng visuell Magnitude vun 12,6. Mat enger Uewerflächentemperatur vun zirka 5600 K gläicht de Stär eiser Sonn.

De Planéit änneren

Haaptartikel: WASP-4 b

De Planéit, deen ëm de WASP-4 kreest gëtt WASP-4b genannt. WASP-4b huet op d'mannst 1,34 Jupitermassen an huet ongeféier den 1 ½ fache Radius vum Jupiter. Hie braucht fir eng Ëmkreesung ëm säi Stär 1,34 Deeg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren