WASP-1
De WASP-1 ass e Stär am Stärebild Andromeda. De Stär gëtt vun engem Transitplanéit mat der Bezeechnung WASP-1 b begleet.
WASP-1 | |
. | |
Stärebild: | Andromeda (And) |
Daten (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 00h 20m 40,1s |
Deklinatioun | + 31° 59' 24" |
visuell Magnitude | 11,79 mag |
Spektralklass: | F7 V |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Radius | zirka 1,4 |
Distanz | 1 239 Lj. |
Absolut Hellegkeet | 12,0 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,24+0,12−0,17 |
Uewerflächentemperatur | ? |
Aner Bezeechnungen | |
GSC | 02.265-00.107 |
2MASS | J00204007+3159239 |
TYC | 2265-107-1 |
USNO-B | 1.0 1.219-00.005.465 |
De Stär huet ongeféier déi 1,2-fach Sonnemass an eng visuell Magnitude vun 11,8 mag. Hie gehéiert zum Spektraltyp F7 V a seng Uewerflächentemperatur ass ongeféier 6200 Kelvin, woumat hien der Sonn zimmlech gläicht.
Planetare Begleeder
ännerenDe WASP-1 b gouf am Kader vum SuperWASP-Survey als Exoplanéitekandidat identifizéiert a spéider mat Hëllef vun der Radialvitessmethod bestätegt. Seng Mass ass ronn 89 Prozent vun der Jupitermass op. Well de Planéit säi Stär ganz no ëmkreest − den Ofstand ass 0,0382 (± 0,0013) A.E., also ongeféier véier Prozent vun der Distanz Äerd-Sonn − brauch hien nëmmen 2,51997 (± 0,00016) Deeg fir eng Ëmkreesung. De Radius vum Exoplanéit ass ronn 1,4 Jupiterradien.