W. ass eng lëtzebuergesch Webserie. Déi éischt Staffel koum 2020 an déi zweet 2022 eraus.

W.
Serie
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2020, 2022
Première 6. Januar 2020
Dauer Staffel 1: 43 min.
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Éischt Folleg "C"
Staffelen 2
Episoden Staffel 1: 6
Staffel 2: 8
Ekipp
Iddi Frédéric Zeimet
Regie Frédéric Zeimet
Dréibuch Frédéric Zeimet
Fotografie Rae Lyn Lee
Musek Daniel Balthasar
Schnëtt Staffel 1: Loïc Tanson
Staffel 2: Jean-Luc Simon
Produzent Frédéric Zeimet
Produktiouns-
gesellschaft
Six Letters
Distributioun online
Schauspiller
Catherine Elsen: W.
Jerome Burelbach: Tom
Fränk Grotz: Greg
Claude Faber: John (Fotograf)
Frédérique Colling: Corinne

Den Titel W., wéi och d'Haaptprotagonistin genannt gëtt, kënnt vum Wuert "Wëssen"[1].

Ëm wat geet et an der Serie? änneren

Éischt Staffel änneren

D'Iechternacher Police fënnt eng Fra (Catherine Elsen) am Bësch zu Bech. Si weess net méi, wie si ass, vu wou si kënnt a wat si do mécht. An trotzdeem weess si ganz vill aner Saachen. Wien ass déi Fra? A firwat gëtt si an enger Affär mat vermësste Kanner verdächtegt? Déi zwéi Polizisten Tom (Jérôme Burelbach) a Greg (Fränk Grotz) probéieren dat erauszefannen.

Zweet Staffel änneren

Lëtzebuerg ass d'Affer vun enger Cyberhacking-Attack. Eng grouss Zomm Suen a vill perséinlech Date goufe geklaut an déi staatlech Informatiksystemer si blockéiert. Déi puer Polizisten, déi sech ëm Cyberkriminalitéit këmmeren, brauchen dem W. seng Hëllef. Zousätzlech schéngt et e Lien ze gi mat dem Verschwanne vun der Famill Bech.

Produktioun änneren

Éischt Staffel änneren

W ass dat éischt grousst Wierk vum Regisseur Frédéric Zeimet, dee virdru schonn d'Dréibicher vun der Sitcom Comeback a vum Spillfilm Doudege Wénkel geschriwwen hat.

D'Produktiounsfirma Six Letters krut 2018 e Subsid am Kader vum Programm "Carte Blanche" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 30.000 Euro fir d'Serie[2].

Déi éischt Staffel gouf iwwer véier Deeg am Mee 2019 zu Bech an zu Hesper gedréint[1],[3].

Well ee vun de Personnagen eng Form vun Autismus huet, huet de Regisseur Frédéric Zeimet zesumme mat der Associatioun Autisme Luxembourg geschafft[3][4].

Als Titelmusek am Generique gëtt dem Daniel Balthasar säi Lidd Brave & Bold aus dem Joer 2015 benotzt.

Spezialepisode wärend dem Confinement änneren

Am Mee 2020, wéi Lëtzebuerg wéinst der Coronaviruspandemie nach an der Confinementsphas war, goufen dräi Spezialepisode verëffentlecht. Do spillen déi zwéi Personnagen Tom a Greg mat, mee d'Geschicht huet net direkt eppes mat der éischter Staffel ze dinn. Si sinn an engem Videokonferenzgespréich, an diskutéieren de Fall vun enger Fra, déi vun enger Policepatrull ugehale gouf, a bei där et e Verdacht op Gewalt am Stot gëtt.

Zweet Staffel änneren

D'Produktioun vun der zweeter Staffel gouf 2020 vum Lëtzebuerger Filmfong mat engem Subsid vun 148.707 Euro ënnerstëtzt[5].

D'Dréiaarbechte waren ënner anerem zu Iechternach[1] Et ginn zwou Episode méi wéi an der éischter Staffel, a si sinn duerchschnëttlech och e bësse méi laang.[6].

Distributioun änneren

W. ass dat éischt lëtzebuergeschsproochegt Filmfiktiounswierk, dat nëmmen iwwer den Internet verdeelt gouf, iwwer d'Plattforme YouTube, Facebook an Instagram. Et gouf zwar scho virdrun aner Webserien, déi awer Sketch-Serië waren, wéi zum Beispill Duck Féiss[1]. Déi éischt Episod koum de 6. Januar 2020 eraus, déi weider Follgen allkéiers e puer Deeg drop. D'Episode sinn an dräi Versiounen disponibel: op Lëtzebuergesch, an op Lëtzebuergesch mat franséischen, respektiv mat engleschen Ënnertitelen.

"W." gouf am Abrëll 2020 mam Gold Award, dem Präis fir déi bescht international Web-Serie um DC Web Fest zu Washington D.C. ausgezeechent[7],[8]. Um Festival Die Seriale am däitsche Giessen krut de Frédéric Zeimet de Präis fir dat bescht Dréibuch, an d'Catherine Elsen war als bescht Schauspillerin nominéiert[9].

Och op dem kolumbianesche Bogota Web Fest an dem italieeneschen Apulia Webfest, zwéi weider Festivaller fir Webserien, ass d'Serie gelaf[10].

Wärend dem Confinement an der Coronaviruspandemie 2020 goufen d'Episode vun der éischter Staffel an d'Bonusepisoden och op rtl.lu héichgelueden.[11]

D'Episode vun der zweeter Staffel goufen erëm op der Plattformen Instagram, Facebook a YouTube, mat Ënnertitelen, diffuséiert. Och op Vimeo si se disponibel. E bësse méi spéit goufe se och op RTL gesent[6].

De Regisseur Frédéric Zeimet bezeechent d'Serie als e Kulturprodukt, mat deem keng Suen ze maache sinn.[6]

Episoden änneren

Staffel Episoden
Nr. Titel Längt Verëffentlechungsdatum
Kapitel I 1 "C" 5"52 6. Januar 2020
2 "H" 6"57 10. Januar 2020
3 "A" 5"45 15. Januar 2020
4 "R" 6"50 20. Januar 2020
5 "L" 8"21 24. Januar 2020
6 "Y" 10"56 30. Januar 2020
Tom & Greg 1 "Episod 1" 5:29 7. Mee 2020
2 "Episod 2" 5:40 8. Mee 2020
3 "Episod 3" 7:14 9. Mee 2020
Kapitel II 1 "H" 12:22 15. September 2022
2 "I" 11:01 21. September 2022
3 "P" 9:12 29. September 2022
4 "P" 8:16 5. Oktober 2022
5 "A" 7:19 12. Oktober 2022
6 "S" 9:29 19 Oktober 2022
7 "U" 7:49 24. Oktober 2022
8 "S" 10:11 28. Oktober 2022

Acceuil änneren

Éischt Staffel: Kapitel I änneren

Déi éischt Staffel gouf an der Lëtzebuerger Press generell gutt opgeholl. D'Isabel Spigarelli vu Woxx schreift, déi éischt Episod géif virwëtzeg maachen[12], an de Pablo Chiementi schreift am Le Quotidien, d'Serie wier "de qualité" a géif eng interessant Geschicht, fesselnd a komplex Personnagen an eng Evolutioun an den ënnerschiddleche Relatioune bidden[3].

D'Episode vun der éischter Staffel goufen op de verschiddene Plattformen iwwer honnertdausendmol gestreamt[6][13].

De Marc Trappendreher vum Lëtzebuerger Land fënnt d'Personnagë vun de Policebeamte wieren ze konventionnell, an d'Serie wier keng déifgrënneg Reflexioun iwwer Kontrollverloscht, Identitéit a Verhalt, a vill méi en elegant Gedankespill, dat op der Iwwerfläch vun den Apparence bleift[14].

Zweet Staffel änneren

De Pablo Chimienti schreift am Lëtzebuerger Land, datt déi zweet Staffel eréischt mat der véierter Episod esou richteg ufänkt. Hie bedauert och, datt den audiovisuellen Aspekt dacks vernoléissegt géif ginn[6].

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 cineuropa.org: Frédéric Zeimet • Créateur de W. vum Guilhem Caillard (12. Abrëll 2021)
  2. Rapport Annuel 2018 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 12
  3. 3,0 3,1 3,2 lequotidien: «W», une web-série réussie sur l’oubli vum Pablo Chiementi (6. Januar 2020)
  4. lessentiel.lu: Une web-série en plein cœur du Grand-Duché (6. Januar 2020)
  5. Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 15
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 6,4 Interview Frédéric Zeimet vum Pablo Chimienti (15. September 2022)
  7. rtl.lu: Produktioun kritt de Präis fir déi bescht international Webserie vum Christiane Kremer an David Winter (13. Abrëll 2020)
  8. listennotes.com: "W" - Déi éischt Lëtzebuergesch Webserie (21. Abrëll 2020)
  9. die-seriale.de: The web series W. presents autism as a superpower vum Justin Döpp (7. Juni 2020)
  10. lesindelebiles.fr: W. la websérie est en ligne ! (5. Februar 2020)
  11. D'Serie op op rtl.lu
  12. woxx.lu: Schon gestreamt? W. – eng lëtzebuergesch Webserie vum Isabel Spigarelli (7. Januar 2020)
  13. land.lu: W. face à la cybercriminalité vum Pablo Chimienti (30. September 2022)
  14. land.lu: Wissen, Wahrheit, Wahrnehmung vum Marc Trappendreher (31. Januar 2020)