Albaach (Musel/Wuermer)

lëtzebuergesch Baach
(Virugeleet vu(n) Wäissbaach (Albaach))

D'Albaach ass eng lëtzebuergesch Baach am Oste vum Land an der Gemeng Wuermer. Et ass eng vun de Baachen, déi op hirem Laf den Numm wiesselen.

Albaach
Längt 4,58 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Kapenaker
Héicht 285 m
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Wuermer
Héicht 136,7 m
Geographie
Land Lëtzebuerg

Si huet hir Quell op enger Héicht vun 285 Meter an enger Zoch tëscht de Bëscher Weimeschschleedchen a Kräizbësch am Nordoste vu Kapenaker. Op den éischten 1.200 Meter heescht se Wäissbaach. Vun der Quell leeft se praktesch de ganzen Zäit no Süden, an nodeem se ënner dem CR143 erduerch ass, mécht se op ronn 300 Meter d'Grenz mat der Gemeng Fluessweiler. Kuerz duerno leeft vu riets eng kleng Baach, d'Hongerbaach, dran.

Vun deem Zesummefloss un heescht se Albaach, a leeft da lénks nieft dem CR122 bis op Dräibuer, wou se ënner dem CR146 erduerch leeft bis an d'Schleef, wou se, nodeem se ënner dem CR122 erduerch ass an enger Griecht bis op Wuermer leeft, fir do op enger Héicht vun 136,7 m an d'Musel ze lafen.

Kuckt och änneren