Retinol
Vitaminn A | |
---|---|
Strukturformel: | |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Retinol | |
Cheemesch Formel | |
C20H30 | |
Dagesbedarf | |
0,8 - 1 mg | |
Virkommen | |
Mëllechprodukter, Liewer Muerten, Eegiel | |
Physikalesch Eegenschaften | |
Aggregatzoustand | fest |
Faarf | / |
Léislechkeet | Fett |
Dicht | / |
Molmass | 286,46 g/mol |
Schmëlzpunkt | tëscht 62 a 64 °C |
Siedepunkt | tëscht 137 an 138 °C |
Retinol oder Vitaminn A ass en essentielle Vitaminn.
GeschichtÄnneren
De Vitaminn A gouf am Joer 1910 entdeckt, seng cheemesch Struktur gouf awer eréischt 1931 entschlësselt.
EegenschaftenÄnneren
Vitaminn A gëtt et a verschiddene Formen. Den Haaptvertrieder ass den Retinol, donieft gëtt et den Retinal, d'Retinsaier an de Vitaminn A Ester.
VirkommenÄnneren
Vitaminn A kënnt an Déiereprodukter wéi Fësch, Liewer, Mëllechprodukter an Eeër vir. D'Carotinoide fënnt ee virun allem a Planzeprodukter wéi Muerten, Brokkoli, Paprika, Aprikosen, Kiischten, Tomaten, Spinat (Päinetsch) a Péiterséilech vir, also a Planzen déi giel-rout-orange sinn.
Vitaminn A | |
---|---|
Liewensmëttel | Gehalt vum Vitaminn (µ/100 g) |
Liewer vum Schwein | 39100 |
Liewer vum Kallef | 21900 |
Liewer vum Rand | 15300 |
Liewer vum Poulet | 11600 |
Éil | 980 |
Camembert | 631 |
Botter | 653 |
Nier vum Kallef | 210 |
Aufgaben a BedarfÄnneren
Vitaminn A brauch ee fir d'Funktioun an d'Deele vun den Zellen. Beaflosst gëtt de Wuesstem an d'Bildung vun der Haut, de Schläimhéit, dem Knorpeltissu, der Vue an d'Entwécklung vum Embryo. En ass ausserdeem zoustänneg fir d'Ofwier vu Krankheetserreeger a fir d'Produktioun vu Spermien.
Den Haaptspäicher fir de Vitaminn A ass d'Liewer. Vun do aus gëtt en dann iwwer d'Blutt zu den Zellen transportéiert. D'Carotinoiden (Planzefaarfstoffer) ginn am Dënndaarm zu Retinol gespléckt an iwwer d'Lymph transportéiert. Vitaminn A ass ausserdeem als Bestanddeel vun den an den Stäbchenzelle vun der Aanetzhaut virkommenden Photopigment Rhodopsin zoustänneg fir Dimmerliicht ze gesinn.
Den duerchschnëttlechen Dagesbedarf vu Vitaminn A ass 0,8 mg, deen een awer och a Form vu Carotin, dann awer 2 mg, kann zou sech huelen. Schwanger an nierend Fraen an och Jugendlecher sollen den Dagesbedarf e bessen erhéijen.
Vitaminn A reagéiert sensibel op d'Liicht, Sauerstoff an d'Hëtzt.
ManktemÄnneren
E Manktem u Vitaminn A äussert sech haaptsächlech duerch Appetitverloscht, Wuesstumsstéierungen, Nuetsblannsinn, Infektiounsufällegkeet, Ofhuele vun der Séikraaft, héich Liichtempfindlechkeet, Hoerausfall an dréchen Haut a gëtt och Hypovitaminos genannt. E Manktem ass an de westlechen Industrielänner ganz rar, kann awer bei Veganer optrieden déi sech nëmme vu planzleche Liewensmëttel ernieren.
IwwerdoséierungÄnneren
Vitaminn A kann een och iwwerdoséieren, well en am Géigesaz zu de waasserléisleche Vitaminnen net ausgescheet ka ginn. Dat gëtt Hypervitaminos genannt a kënnt eigentlech just bei enger reegelméisseger Zounam vu méi wéi 30 mg pro Dag vir. Unzeechen dofir si Kappwéi, Erbriechen, Schwindel, sech allgemeng schappeg fillen, Middegkeet, Hoerverloscht, dréchen Haut, Menstruationsproblemer, Liewervergréisserung a geschwolle Gelenker. Bei enger Schwangerschaft kann et souguer zur Mëssbildung vum Fötus féieren.