Paprika
Paprika (Capsicum) ass eng Planzegattung an der Famill vun de Solanaceae. Si ass virun allem wéinst hire Friichte bekannt, déi als Geméis a Gewierz an der Kiche verschafft ginn. Jee no Gréisst, Faarf, Goût, a Schäerft gett et Zorte mat verschiddenen Nimm wéi Chili (an doraus gemaach de Cayennepeffer), Spuenesche Peffer, Peperoni, oder Peperoncini.
Capsicum annuum, Illustration | |
An anere Sproochen |
fr: piments de: Paprika |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Rosopsida |
Uerdnung | Solanales |
Famill | Solanaceae (Nuetsschietgewächser) |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Capsicum | |
L., 1753 | |
Déi Aart, déi am wäitste verbreet ass, an och am dacksten an Europa ze fannen ass, ass Capsicum annuum. Et ass de Capsaicin, deen a bal &alle Paprikaen an ënnerschiddlecher Quantitéit dran ass, deen hinnen d'Schäerft gëtt.
D'Wuert "Paprika" kënnt vum Serbesche pàprika (паприка), dat sengersäits, iwwer pápar, op dat Laténgescht piper - Peffer zeréckgeet.
D'Planz kënnt aus Zentralamerika. Vun do gouf se scho vum Christoph Kolumbus selwer mat an Europa bruecht, deen ë. a. als Missioun de Peffermonopol ze briechen, an dofir dës schaarf Friichten (déi op Spuenesch och pimienta - Peffer heeschen), als "Ersatz" matbruecht.