Liewer

Organ bei Wierbeldéieren

D'Liewer (lat.: iecur; gr.: hepar) ass en Organ an déi gréisst Drüs am Kierper vum Mënsch an de Wierbeldéieren am Allgemengen. Si spillt eng wichteg Roll am Stoffwiessel.

1 = Oesophage
2 = Liewer
3 = Mo
4 = Galeblos
5 = Zwieleffangerdaarm
6 = Déckdaarm
7 = Blinddaarm
8 = Dënndaarm
9 = Wuermwutz
10 = Rektum
11 = Anus

Lokalisatioun an Opbau änneren

 
D'Liewer vun engem Schof:
1 = riets Liewerklapp
2 = lénks Liewerklapp
3 = Schwanzläppchen
4 = quadratesche Liewerläppchen
5 = Liewerpaart mat Liewerarteerie a Paartoder
6 = Liewerlymphknuet
7 = Galeblos
 
Lokalisatioun vun der Liewer (rout) am mënschleche Kierper.

D'Liewer läit am Bauch. Beim Mënsch läit s'am rietsen Deel vum ieweschten Deel vum Bauch, direkt ënner dem Zwerchfell. Hire lénksen Deel geet bis an déi lénks Hallschent vum ieweschte Bauch. D'Liewer fëllt de Raum ënner de Rëpper bal komplett aus an ass vum Broschtkuerf deelweis geschützt. Si weit bei engem Erwuessenen am Duerchschnëtt 1,4 bis 1,8 Kilogramm.[1]

D'Liewer ass a véier grouss Läppercher (lobi) ënnerdeelt: de rietse grousse Liewerläppchen (obus hepatis dexter, de lénkse grousse Liewerläppchen (lobus hepatis sinister), de quadratesche Liewerläppchen (lobus quadratus) an de Schwanzläppchen (lobus caudatus).[2] Tëscht deene Läppercher ass e Band aus Bindegeweebe, dat d'Liewer an der Bauchhiel fixéiert. Ënner de Liewer gëtt et eng Verdéiwung, an där d'Galeblos läit.

Histologesch gesinn ass d'Liewer aus klenge Strukturelementer, de klenge Liewerläppercher (lobuli hepatis) opgebaut, déi 1 bis 2 Millimeter grouss sinn. Se bestinn aus Liewerzellen. Tëscht deenen Zelle leie vill Gefäässer, an deenen d'Blutt an d'Galeflëssegkeet fléissen.

D'Bluttgefäässer, déi d'Liewer beliwweren, sinn d'Paartoder (vena portae) aus dem Verdauungstrakt, déi sauerstoffaarmt, närstoffräicht Blutt an d'Liewer transportéieren, an d'Liewerarteerie (arteria hepatica propria). D'Blutt gëtt iwwer kuerz Liewerveenen an d'vena cava inferior oftransportéiert.

Funktioun änneren

Bei all Stoffwiesselprozesser spillt d'Liewer eng wichteg Roll. D'Liewerzelle baue Fetter of a produzéieren esou Energie. Si produzéieren och all Dag tëscht 800 an 1000 Milliliter Gal, déi a klenge Galekanäl gesammelt gëtt an dann entweder an d'Galeblos oder direkt an den Zwieleffangerdaarm fléisst. D'Gal hëlleft beim Splécken an Ophuele vu Fetter.

Och beim Stoffwiessel vun de Kuelenhydrater spillt d'Liewer eng Roll. Si suergt dofir, datt den Zockerspigel am Blutt konstant bleift. Wann dee klëmmt, beispillsweis no enger Moolzecht, hëlt d'Liewer den Zocker iwwer d'Paartoder op a späichert en als Glykogen. Wann de Bluttzockerspigel erop muss goen, da baut d'Liewer de Glykogen of a gëtt den Zocker an d'Blutt of. Nieft dem Zocker späichert d'Liewer awer och Vitaminnen a Mineraler, wéi Eisen a Koffer. Wann et néideg ass, gëtt d'Liewer déi dann an d'Blutt of.[1]

Beim Stoffwiessel vum Eewäiss wandelen d'Liewerzellen Aminosaieren aus der Narung esou ëm, datt aus hinnen Energie gewonne ka ginn, oder datt aus hinne Kuelenhydrater oder Fetter kënnen hiergestallt ginn. Dobäi entsteet gëftegen Ammoniak, dee vun de Liewerzellen an de vill manner gëftegen Harnstoff verwandelt gëtt. D'Liewerzelle ginn deen an d'Blutt of, iwwer dat en an d'Niere kënnt an da mam Urin ausgeschott gëtt.

Mat Hëllef vum Vitaminn K produzéieren d'Liewerzellen och aner wichteg Eewäisser, déi fir d'Liwwere vum Blutt wichteg sinn. Donieft baut d'Liewer och al oder beschiedegt Bluttkierpercher of.[1]

D'Liewer hëlleft beim Mënsch zum Beispill, d'Blutt vum Alkohol ze entgëften, a Medikamenter ofzebauen.[2]

Erkrankungen änneren

Zu de Problemer mat der Liewer vum Mënsch zielen ënner anerem Infektiounen, wéi eng akut Hepatitt, an Erkrankungen duerch en ze héijen Alkoholkonsum. Narbebildung (Zirrhos) entsteet, wann d'Liewer duerch Infektiounen, alkoholbedéngt Liewererkrankungen, Medikamenter oder Gëft ze staark beschiedegt ass.[3]

Eng Zirrhos ass permanent. Dacks ass awer genuch gesonde Liewertissu iwwreg, fir d'Funktioune vun der Liewer oprechtzeerhalen. Wann de Schued ze grouss ass, kann eng Liewertransplantatioun néideg ginn.[3]

Wann d'Funktioun vun der Liewer beanträchtegt ass a se d'Galeflëssegkeet net méi fräisetzt wéi se soll, kann dat zur Gielzecht (Ikterus) féieren.

Kichen änneren

 
Foie gras, deen tranchéiert gëtt.

An der Kiche gëtt d'Liewer vu verschiddenen Déieren verschafft, zum Beispill d'Liewer vun Inten oder Gänsen, gebroden oder fir Foie gras ze maachen. Och fir Liewerpâté hëlt een d'Liewer vum Schwäin oder aneren Déieren. E wäitverbreete Plat an Europa sinn ënner anerem d'Liewerkniddelen, déi normalerweis mat Kallefs- oder Rëndsliewer (a verschiddene Géigenden och mat Liewer vum Schwäin) gemaach ginn.

Riedensaarten änneren

An der Antikitéit gouf ugeholl, datt d'Liewer de Sëtz vun de Gefiller wier, a besonnesch vun den negativen Emotioune wéi dem Haass, der Jalousie an der Roserei.

Et gëtt e puer Riedensaarten iwwer d'Liewer:

  • "fräi vun der Liewer erof schwätzen" bedeit "riichteraus an ouni Hemmunge schwätzen"[4]
  • "et ass him eng Laus/Spann iwwer d'Liewer gelaf" an "hien/hatt huet d'Liewer geschwollen" bedeiten "hien/hatt ass rosen"[4]
  • "eng dréche Liewer hunn" bedeit "gären Alkohol drénken"[5]

Um Spaweck änneren

Commons: Lieweren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 gesundheitsinformation.de: Wie funktioniert die Leber?
  2. 2,0 2,1 DocCheck Flexikon: Leber
  3. 3,0 3,1 mdsmanuals.com: Leber
  4. 4,0 4,1 "Liewer" am Luxemburger Wörterbuch
  5. "dréchen, drëchen" am Luxemburger Wörterbuch