Päinetsch
De Päinetsch (haut dacks Spinat genannt) (Spinacia oleracea) ass eng Bléieplanz aus der Famill vun de Fuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae). En huet 20 – 30 cm héich Stiller a laang gestillten, dräieckeg, kräfteg gréng Blieder.
![]() Spinacia oleracea | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Caryophyllales |
Famill | Fuusseschwanzplanzen |
Gattung | Päinetsch |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Spinacia oleracea | |
„L.“ 1753 |
GeschichtÄnneren
De Päinetsch gouf warscheinlech fir d'éischt am Kaukasus, an Turkestan an am Iran an d'Kultur opgeholl. Am Kaukasus existéiert nämlech eng Aart, déi dem Päinetsch gläicht, de Spinacia turcestanica. D'Araber hunn e mat a Spuenien bruecht. Am 13. Joerhonnert koum en du fir d'éischt a Mëtteleuropa un a war am 16. Joerhonnert wäit verbreet.
GebrauchÄnneren
De Päinetsch kann ee réi, als Zalot oder gekacht iessen.
InhaltsstofferÄnneren
Päinetsch ass kalorienaarm an huet en héije Gehalt u Mineralestoffer, wéi Kalium, Kalzium, Magnesium, Eisen a Mangan, an och Vitaminnen, wéi de β-Karotin (och Provitaminn A genannt, eng Virstuf vum Vitaminn A), Vitaminne vun der B-Grupp, Vitaminn K, Vitaminn C an Eewäiss. Doriwwer eraus fënnt een am Päinetsch Oxalsaier.
GesondheetswäertÄnneren
Trotz sengem héijen Eisegehalt ass et kee gudden Eiseliwwerant, well d'Oxalsaier d'Eiseverwäertung hemmt. Päinetsch soll och net direkt nom Erhëtze giess ginn an op kee Fall erëm opgewiermt ginn, well sech den Nitrat zu engem gëftege Stoff ëmwandele kann. Giichtpatiente solle sech am Allgemenge wéinst sengem héije Puringehalt vum Spinat ewechhalen.
TriviaÄnneren
De Popeye the Sailor, eng Figur aus Zeechentrickfilmer vum Dave Fleischer, ass bekannt dofir, datt hie Kéip vu Päinetsch verdillegt.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Spinacia oleracea – Biller, Videoen oder Audiodateien |