Filmreakter

lëtzebuergesch ASBL a Filmprodultiounsgesellschaft
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Filmreakter a.s.b.l. ass eng net-lukrativ Kënschtlervereenegung vun jonke Filmmécher vu Lëtzebuerg, déi 2002 gegrënnt gouf. Grënnungsmemberen waren de Govinda van Maele, de Bernard Michaux an de Jeff Desom.

Aktivitéiten änneren

Filmreakter huet zanter 2002 verschidden Aktivitéiten organiséiert. Si hu probéiert, jonk lëtzebuergesch Filmmécher zesummenzebréngen an hunn 2004 de Lost Film Festival vu Philadelphia op Lëtzebuerg bruecht.

Filmreakter organiséiert zanter 2006 d'Open Screen Owender déi vum Tanja Frank an vum Carlo Thiel an d'Liewe geruff goufen. D'Open Screen Owenter ginn all puer Méint op ënnerschiddleche Plazen organiséiert. Den Ënnertitel vum Event “Bring your own Movie” ass Programm. Jiddwereen, deen e Film huet, dee manner wéi 20 Minutten dauert, däerf dee Film weisen. D'Owenter si souwuel gratis fir de Public wéi och fir d'Realisateuren déi hir Filmer weisen. D'Organisateure stelle fir Open Screen e Schierm an e Projekter zur Verfügung. Am Juni 2004 war den éischten Open Screen, inspiréiert vum Cinéma Nova vu Bréissel. Zanterhier fënnt ee vu Kéier zu Kéier ëmmer méi Leit op dësen Owenter. D'Filmer déi gewise ginn, sinn an alle Formater. Vum 35-mm Film bis hin zum Film dee mat engem Handy als Kamera entstanen ass, gëtt alles gewisen. D'Realisateuren déi matmaache sinn an allen Altersklassen, verschiddener sinn Amateuren anerer si Professioneller. Zanter 2011 organiséiert Filmreakter och reegelméisseg en Double Feature an der Cinématheque.

2021, an der Zäit vun der COVID-19-Pandemie, huet Filmreakter, zesumme mam Filmfong, Wady Media a Les Films Fauves, de Projet Quickies op d'Been gesat, bei deem 18 Filmregisseuren, fir e Kuerzfilm vun enger 10 Minutten, 2020 Euro kruten. Dat sinn de Frédérique Buck & Gintare Parulyte, Eileen Byrne, Catherine Dauphin, Adolf El Assal, Larisa Faber, Godefroy Gordet, Max Jacoby, Baptiste Ménage, Nilton Martins, Nadia Masri, Thierry Mousset, Nicolas Neuhold, Suzan Noesen, Samuel Perez, Émile V. Schlesser, Kim Schneider, Julie Schroell a Govinda Van Maele. Déi Filmer sinn dann op e puer Plattformen ze gesinn[1].

Memberen änneren

Filmreakter ass kee Club mat feste Memberen. All Mënsch ass wëllkomm matzemaachen. Et gëtt keng Memberskaarten an dofir ass jiddwereen Member vun Filmreakter, dee sech selwer sou gesait.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. About op quickies.lu; gekuckt 2021-07-03